Benotzer Diskussioun:Les Meloures

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wiktionnaire

Conjugaisoun[änneren]

Gutt Aarbecht vum BigDom! Au fait perfekt Iwwersetzung ;) gutt dass de "Konjugatioun" verbessert has ;).

Am Fong kann een dem BigDom seng Aarbecht nach e ganz bësselche perfektionéieren an zwar mache fir dass de "n" bei hunn, wäerten, a sinn fält... Ech kucke mol wat ech do maache kann wann s du et maache kanns da maach du et léiwer (ausser et ass fir dech keng Prioritéit, wat och de Fall ass) ech léiere grad wéi deem säi Skript geet ;).

Moien,
Wanns de dech gären ameséiers da wënschen ech der vill Freed. Lee awer da vläicht eng nei Schabloun un, déi s de test oder wéi s de wëlls, nennst. Géi net an déi aner triwwelen bis datt mer sécher sinn datt et funktionnéiert. Ech huelen och un datt et méiglech ass, et muss een et just fäerdegbréngen all d'Parametere vun der Eifeler Regel ënnerdaach ze bréngen. --Les Meloures 12:02, 2. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]
Moien,
Jo natierlech kënnt dat net a Fro. D'Eifeler Regel bei de Verbe kënnt fir bei B, C, F, G, J, K, L, M, ,P ,Q, R, V, W, X Y oder? Eenzeg Exceptioun Verben déi vum Englesche kommen dat heescht chillen, checken, asw oder? Wéi dat gemaach gëtt soe mer mol esou mir wëssen dass et iessen giess ass... da stellt dech eraus dass et 3 Méiglechkeete ginn an zwar keng Eifeler Regel gëtt applikéiert. Eng Kéier an eng Kéier net an zwar bei iesse wäert et beim Conditionnel Présent net awer iwwerall jo. An da gëtt et och d'Possibilitéit dass d'Eifeler Regel iwwerall geet. Ticken ech richteg ;)?
Ok Merci, dat wäert nach witzeg ginn.
Ech hunn den Opbau verstan leider kontrolléiert déi Schabloun net no wat virun engem Verb steet (de Befeel fir dat auszeféieren steet net dran). Wou kann een all d'Befeeler fannen iwwert Schablounen? (D'Sprooch ass egal, ech hät franséisch léiwer ;) )
Bon ech mengen ech fänke mol ganz ënnen un. (Et kéint een am Fong 3 verschidde Schabloune maachen mä ech probéiere mol eenz ze ginn, ech wëll eppes maache wou de wikipedia selwer den n soll ewechmaachen an net wou de Benotzer et muss soen). Merci fir all deng Hëllef, ech probéiere mol eng Aussprooch Schabloun ze kreéieren. (Eeenzuel + Méizuel) Deen net an déi nächst Rei geet ;) a wou dann och de Pluriel an d'Eenzuel steet.
Mengs du dass d'Iwwersetzungsschabloun (vum engleschen Wiktionnaire) un eise Wikipedia ugepasst ka ginn? ... Well déi gefält mir enorm... Do kann ee ganz liicht Iwwersetzunge bäisetzen...
Ech hunn d'Tabell gläich (Däitsch Schabloun ugepasst un d'Lëtzebuergesch). Soll ech d'Eifeler Regel mat abezéien?
http://lb.wiktionary.org/wiki/Schabloun:Abacaxi sou gesäit se aus. Wann et Dir net gefält erklär mer wéi s du et gären häss ;). Natierlech geet déi Schabloun net iwwerall... Et gi jo Wierder déi an der Eenzuel hieren n verléieren... De Problem ass wéi mécht een fir dass dann d'Këscht verschwënnt wann et d'Eifeler Regel guer net gëtt oder nëmmen op enger Plaz geet...

Verschidde Froen[änneren]

Ech si rëm do. A mir si puer Saachen opgefall. http://lb.wiktionary.org/wiki/hatt mist et net am Dativ hir sinn an net him? Wat genau heescht Abzebild? Pechbild? Den Ofbau vun http://lb.wiktionary.org/wiki/ofraumen huet mer gefall... wéi maachen ech awer wann ech nëmme bei der zweeter Bedeitung oder drëtter Bedeitung e Synonym fannen an net bei der éischter?

Gutt dass du sou oft matschaffs ;). Du méchs exzellent Aarbecht séif et beim Artikel kreéieren oder raumen.

Logo vu Wiktionnaire änneren[änneren]

Wéi wär et wa mer et iwwersetzen? Oder en anerem säi Logo "klauen"? Fir dee Logo ze maache muss een awer keen héijen Niveau hunn oder? (Eenz gi mat Photoshop/Gimp) Da hu mer och eng Aart "Identitéit".

Nëmme fir dass du et och weess[änneren]

No deems ech vill englesch Artikelle mam Genus gesinn hunn sinn ech kucke gaangen ob déi iwwerhaapt e Genus hunn an nee déi hu keen sou wéi och Tierkesch http://de.wikipedia.org/wiki/Genus

An elo bei den Adjektiven![änneren]

http://en.wiktionary.org/wiki/hiwweleg

Beim Artikel Fuuss[änneren]

Ass Féchs net de Pluriel vu Fochs? Da soll dee Léiwer net do uewe stoen... Da wär et souguer besser wa mer extra eng nei Säit géife maachen.

Eng extra Säit wier net schlecht. --Les Meloures 12:53, 7. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

logo Wiktionnaire sur lb[änneren]

Bonjour et meilleurs voeux pour la bonne année.

Je m'adresse aujourd'hui à vous pour savoir s'il est possible de changer le logo du wiktionnaire lb:. On voudrait bien adopter le modèle français, bien sur avec un texte luxembourgeois en bas de l'image. m.s. --Les Meloures 14:54, 6 January 2012 (UTC)

Bonsoir. Je préfèrerai que l'on se tutoie, si ca ne te / vous dérange pas.
Pas de problème, je vais m'en occuper. Il faudrait que tu me dises seulement si tu as déjà le logo, et si tu veux que je le fabrique moi-même quel texte mettre en bas, et éventuellement quelle police / taille. Je ne pense pas que prendre le logo du Wiktionnaire français soit la meilleure solution, il paraît que le caractère qui ressemble à une lettre chinoise n'en est en fait pas une. Autant mettre un logo correct tout de suite ;).
Bon week-end, et surtout bonne année à toi aussi ! -- Quentinv57 14:41, 7. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Audiofichier kontrolléieren[änneren]

Kéints du wann s du natierlech déi Fichiere kontrolléiers. Einfach an der Check-Schabloun schreiwe wat net stëmmt mam Audiofichier? Oder wann dee gutt ass déi Mentioun ewechmaachen? --Soued031 17:20, 7. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Wat häls du vun där Iddi?[änneren]

Wéi wär et wa mer Beispillsätz vun RTL.lu an aner Säiten am Wiktionnaire bäisetzen? Muss ee soe heiansdo weess een net sou richteg wa ee schreiwe kann an munchmol ass de Saz a sech oninteressant a kuerz. Ech hunn dat scho bei http://lb.wiktionary.org/wiki/Tram an http://lb.wiktionary.org/wiki/Bus gemaach. (Ass de Pluriel Busser oder Bussen?). Natierlech mussen dann d'Feeler verbessert ginn... Well et sinn ëmmer Feeler do.


Beispiller sollen nëmmen aus der geschriwwener Literatur (Bicher) an net vun der Literatur vun Internetsäiten kommen.
De Pluriel ass Bussen.
Ui dat gëtt nach schwéier... ech setze mol alles nees zeréck.... Merci ;)
Déi interessantst Verbesserung déi ech vun dir gesinn hunn ass déi vum Chantilly/Schlagsahn Bravo ;). (Ech hat Angscht dass du de Sënn vum Wuert änners, well et gi schonn Ënnerscheeder... Ech hoffen ech kann iergendwann och esou gutt Artikele maache wéi dir ;).

Mengs du net Ieper? (Synonym vun Äerdbier)

Dee "Synonym" (dee keen ass) stoung/steet am Spellchecker. Ech siche mol weider. De LOD.lu seet Äerdbier ass sächlech ass et wouer? wa jo da ginn ech drun änneren

Seet een Hai op Lëtzebuergesch? Well mir hu sou en Artikel... Ass et net Haifësch? (Momentan botzen ech d'Artikelen oder passe se un)

Lo kommen ech net no... wéi seet een dann Haifisch/requin op Lëtzebuergesch?
Merci hat ech nach ni héieren/gelies ;).

Hum wéivill gëtt elo ausernee geschriwwen... wat soll mat der Säit elo geschéien?

Liste des namespaces[änneren]

Bonjour,

Si j'ai bien compris, les espaces de noms voulus sont :

Numéro Valeur actuelle Valeur attendue
-2 Media Media
-1 Spezial Spezial
0
1 Diskussioun Diskussioun
2 Benotzer Benotzer
3 Benotzer Diskussioun Benotzer Diskussioun
4 Wiktionnaire Wiktionnaire
5 Wiktionnaire Diskussioun Wiktionnaire Diskussioun
6 Fichier Fichier
7 Fichier Diskussioun Fichier Diskussioun
8 MediaWiki MediaWiki
9 MediaWiki Diskussioun MediaWiki Diskussioun
10 Schabloun Schabloun
11 Schabloun Diskussioun Schabloun Diskussioun
12 Hëllef Hëllef
13 Hëllef Diskussioun Hëllef Diskussioun
14 Kategorie Kategorie
15 Kategorie Diskussioun Kategorie Diskussioun
100 Annexen Annexen
101 Annexen Diskussioun Annexen Diskussioun

C'est bien cela ?

--Hercule 17:14, 11. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Il me faudrait une approbation visible sur Wiktionnaire:De Staminee#Namespace to be translatted
--Hercule 21:32, 11. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]
Pour formaliser le consensus, il faudrait simplement laisser une message sur Wiktionnaire:De Staminee#Namespace to be translatted pour dire que c'est bien ce que vous voulez. Il faudrait que quelques personnes s'expriment, pour être sûr que personne n'est contre.
--Hercule 10:16, 12. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Consensus[änneren]

Déi froen e Consensus brauche mer dat wierklech obwuel mer am Ament zu zwee sinn?

Schreifweisen[änneren]

Bon ok mir sinn heiansdo net averstane mat dat wat am LOD.lu ass awer dat schlëmmst ass wa se zwou Orthographië proposéieren an den eenzegen Ënnerscheed ass den h deen dobäigesat gouf an dee vum Däitsche kënnt. Ee vun deene Wierder sinn ënner anerem Feeler a Walen. Wéi wär et wa mer eng Schabloun kreéieren déi de Benotzer guidéiere soll déi aner Graphien ze benotzen?

Momentan hunn ech: Obwuel d'Schreifweis vum Wuert am Ament offiziell ass, wär et besser wann Dir d'Graphie benotzt déi méi um Lëtzebuergesche ugepasst ass an zwar „Wuert“ An d'Bild: http://en.wikipedia.org/wiki/File:Stipula_fountain_pen.jpg

Ech siche weider fir d'Bild

Graphien....[änneren]

Jo ech weess ech kréien ëmmer vu jidderengem gesot ech soll ophale meng "domm" Regelen ze schreiwen... Den Drang ass awer nach ëmmer do fir déi ze schreiwen... Menger Meenung no hunn ech lo eng Regel finaliséiert... Ech weess awer net op Dir Iech souvill fir d'Schreifweis interesséiert wéi ech. Am Fong wéilt ech gären Är Meenung iwwert et wëssen. Natierlech wann der näischt dergéint hutt.--Soued031 19:49, 17. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Audifichieren[änneren]

Géi op menger Diskussiounssäit fir méi gewuer ze ginn. --Soued031 13:06, 23. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Neien Audiofichier fir Wo gouf eropgelueden.--Soued031 13:32, 23. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Huert[änneren]

Moien,

Ech sinn déck erstaunt dass et e Wuert dofir gëtt am Lëtzebuergeschen. De Problem ass leider kann ech et net iwwersetze mat Hëllef vun der hollänescher Iwwersetzung. Ech kéint awer mam Franséischen déi aner fannen...

Moien och, wann ech se wéisst hätt ech se derbäigesat. --Les Meloures 18:33, 25. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Plooschter[änneren]

Mech stéiert den Artikel Plooschter och kéinnt dir d'Iwwersetzunge nummeréieren? dat heescht fir Bedeitung Eent Iwwersetzung Eent a fir bedeitung Zwee Iwwersetzung Zwee.--Soued031 18:54, 25. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Dat war virgesinn ass awer net méi derzou komm. --Les Meloures 18:33, 25. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]
Ah sou entschëlleg mech. Hat haut egalwéi net vill Zäit fir un de Wiktionnaire ze schaffen.--Soued031 18:54, 25. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Wierder déi mer komesch virkommen[änneren]

Soll ech déi hei posten? Well heiansdo ginn ech net eenz mat de Säiten...

Wat sinn d'Originne vum Wuert Haartmound[änneren]

Ass et aus Mound oder Mount zesummegesat?

Vläicht just e Schreiffeeler. --Les Meloures 12:22, 30. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]
Dat wor et och, an gefällt Iech d'Schabloun mat de Méint oder solle mer een apaart maachen?
D'Schabloun ass an der Rei. --Les Meloures 12:34, 30. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]
stëmmt dat dass Mäerz och Aussenzäit heescht?
Aussenzäit ass e Synonym fir Fréijoer. --Les Meloures 12:47, 30. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]
Keng Angscht et heescht net dass ech lo näischt maachen dass ech opgehalen hunn ech ginn e klenge Moment raus. Bis dann

Pluriel vun Aaspel[änneren]

Ass d'Méizuel vun Aaspel, Aaspelen? (net dass et nees kee Pluriel huet an ech schreiwen trotzdem een)

Aaspelen. --Les Meloures 15:56, 31. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

D'Iwwersetzung vu Mullebutz...[änneren]

Moien, hei am 90000 Wierder steet baie d'aubépine, Weißdornbeere, whitethorn-berry, fruta del espino blanco (es), pibrito (pt), biancospino (it). Am Lod.lu steet : cenelle, Mehlbeere... AM LWB steet «Frucht des Weißdorns» bei Millebeidel


Verschidden Interwikie sinn och falsch gelaf. Déi hunn ech emol bei den anere redresséiert. Déi haten och Mielbier mat dem Hodar duerchernee gehäit.
Mä wéi kënne mer dat bei den 9.000 Wierder an am LOD verbessere goen?
Ech hunn nach en ale 6.000 Wierder hei. Ech hunn emol déi Säit einfach erausgerappt. --Les Meloures 16:23, 3. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]
Ech mengen dir fänkt lo och un wéint deene Graphien a falsch Iwwersetzungen geckeg ze ginn ;).

Bottel[änneren]

Ass dee Substantiv männlech oder weiblech?--Soued031 17:21, 3. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

Iwwer den Daum gepeilt -- weiblech --Les Meloures 17:28, 3. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

[änneren]

Ok ech si lo fäerdeg, loosst Iech net stéiere vum "ss" fir dat ze gesinn muss een Linux Libertine (Schrëft) installéieren. Wat haalt dir dervun? Wat soll verbessert ginn?

Den neie Logo ass "en Place"[änneren]

Moien, just fir Bescheed ze soen a fir Iech ze soen dass e "Vullemätti" Är Säit geännert huet. Dee Benotzer (wann dir op wikipedia.fr gitt) mécht nëmme Schäiss blockt en direkt. http://toolserver.org/~luxo/contributions/contributions.php?user=213.41.212.210&lang=

Moien[änneren]

A wéi gefält Iech den neien Design?--Soued031 09:36, 12. Feb. 2012 (UTC) A jo ech hat dat total vergiess ze froen. Wéi solle mer mat dem Wuert vun der Woch maachen? Dir maacht déi ongerued Wochen an ech déi gerued? Natierlech muss dat Wuer schonn en Artikel hunn soss huet et kee Sënn --Soued031 12:08, 12. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

Verben "zesummeschreiwen"[änneren]

Moien, wéi wär et wa mer Verben zesummeschreiwen wann déi nei "Deutsche Rechtschreibung" (Duden.de) et zesummeschreift? De LoD.lu mécht et z.B..--Soued031 12:16, 13. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

Et gëtt Verben déi d'office zesummegeschriwwe ginn an anerer net. Dat kënnt dohier well et dat Verb am Infinitif net an der zesummegeschriwwener Form gëtt. --Les Meloures 17:28, 13. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

Gudden Owend[änneren]

Ech hu grad de Fueskichelchen Artikel gemaach... leider fannen ech keng gutt Foto...

Gudden Owend[änneren]

Wéi géif Dir Rutherfordmodell schreiwen? zesummen oder auserneen?

Schreifweis[änneren]

Solle mer net fir Liechtenstein "Lichtenstein" schreiwen?

Oder vläicht Liichtesteen? --Les Meloures 12:25, 19. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]


Conjugaisoun
Indicatif Persoun Présent Prétérit Passé composé Plus-que-parfait
ech këssen hu gekësst hat gekësst
du këss hues gekësst has gekësst
hien* / hie** kësst huet gekësst hat gekësst
mir këssen hu gekësst hate gekësst
dir / Dir kësst hutt gekësst hat gekësst
si këssen hu gekësst hate gekësst
Conditionnel Persoun Présent simple Présent composé Passé
ech géif këssen hätt gekësst
du géifs këssen häss gekësst
hien* / hie ** géif këssen hätt gekësst
mir géife këssen hätte gekësst
dir / Dir géift këssen hätt gekësst
si géife këssen hätte gekësst
Impératif
Eenzuel Méizuel Participe passé gekësst
këss kësst
* steet fir hien, hatt, si / ** am Fall vun der Eifeler Regel

Moien[änneren]

Ech sinn der Meenung d'Schabloun vum pluriel ass net esou gutt... Ech schaffe grad bei der Aktualiséierung vum Artikel Tréin... an ech wéilkt gären dass d'Nummer zwee virun der Këscht steet awer déi gëtt verschléckt... solle mer net léiwer esou maachen?:

  1. Tréin ass d'Schabloun vun der Méizuel vu(n) Troun.

dat heescht dat gesäit dann esou aus wéi beim "Regional".

Kéint Dir w.e.g. op Skype kommen? Ech weess net wéi ech Lëtzebuergesch (Sprooch) definéiere soll... do ginn et déi zwee extremen.

Bespriechen[änneren]

Sole mer oder solle mer net Gemenge bäisetzen? Wéi soll dat ausgesinn asw... Mer kënnen natierlech driwwer schwätzen op Skype.

I'm back[änneren]

Moien. Endlech (indirekt) Vakanz! Ech wéilt gären iwwert verschidde Saache mat Iech bespriechen, kéint der w.e.g. op Skype kommen?


Wuert vun der Woch[änneren]

Wat solle mer huelen?

kussen, këssen...[änneren]

De LOD.lu schéngt do net sou eenz ze ginn se soen de Verb këssen géif et ginn awer net kussen... Si acceptéieren awer just Kuss als Substantiv. Solle mer d'Verb kusse bäisetzen oder net?

Dir wäert laachen awer ech hat nach ni vu këssen héieren... well ech déi ganzen Zäite just kussen héieren. Menger Meenung no ass dat déi selwecht Geschicht wéi rutschen a rëtschen.

D'Mathé op Lëtzebuergesch....[änneren]

Menger Meenung solle mer léiwer d'Fangere vun der Mathé loossen... (Ausser natierlech Dezimalzuel, Klamer/Klammer, Broch, deelen, multiplizéieren, asw...). Ech hat haut e bësse ronderëm gefrot a mir ass opgefall... datt d'Substantiver déi franséisch Originnen hunn, léiwer benotzt ginn. Et ass leider keng "imposant" Majoritéit, an déi meescht soen am Ufank "euh ech weess net". Ech fanne mir sollten eis eng Kéier gesinn a kucke wéi mer eis do uleeë sollen... wa mer duerno nach ëmmer net wësse wat mer maache sollen, da sinn ech der Meenung mer solle béides acceptéieren fir sou op "Nummer" sécher ze goen. Soued031 (Diskussioun)

Skype[änneren]

kéint der w.e.g. kommen... ech hu mer en neien Design ausgeduecht fir d'Substantiver, deen ass vu wäitem méi iwwersichtlech fannen ech wéi dat wat mer fréier haten. Ech wéilt gären är Meenung hunn. Ech fannen et ass héich Zäit dat mir een Design, dee fir ëmmer bleiwe wäert. Beispill: Schlapp Soll d'Aussprooch eng "Kategorie" kréien oder soll et niewent dem Genus an dem Pluriel stoen? Soued031 (Diskussioun)

Merci, ma do wou Substantiv steet wäert Substantiv lb stoen de Problem e geet an eng aner Rei :p ech këmmere mech ëm dat. Wou soll d'Aussprooch stoen ganz am Schluss ënnert d'Iwwersetzungen? Mech stéiert d'Aussprooch am Fong...
Fir d'Katgeoriséierung... ech sinn der Meenung mer sollen do D'Schabloune benotzen awer d'Schabloun soll onsichtbar ginn. Sou kënne mer liicht verschidde Kategorie maachen ;) heiansdo ginn et saachen déi zum Beispill bei Chimie awer och bei Biochimie klasséiert ka ginn asw
Ech hunn et probéiert mat Museksinstrument an et ass gaangen. D'Wuert ass an der Kategorie awer d'Schabloun gesäit een net ;).
Gitt Dir mer d'Erlaabnes un der Schabloun Substantiv fréckelen ze goen sou wéi eng nei Schabloun Synonymer ze maachen déi keng Kategorie huet?
Kéint der mer d'Rechter ginn fir d'Schabloun Aussprooch a Substantiv ginn?
Kéint d'Erlaabnes kréie fir d'Schabloun Adjektiv + Verb änneren ze goen? (Dat eenzegt wat mech rose mécht ass dat mer awer déck vill schappeg Artikelen hunn am Lëtzebuergeschen)
Ech brauch d'Erlaabnes fir d'Schabloun Adverb änneren ze goen.

Ech hunn endlech d'Grammairesbuch vum Ministère[änneren]

Moien ech verstinn eppes net an zwar op der Säit 89 steet ganz uewen

Haut hu mer den 8. Januar

Gëtt an deem Fall (am Lëtzebuergeschen) net sinn benotzt? -Soued031 (Diskussioun) PS: Déi sinn am Ido Wiktionnaire och zu zwee a sinn hunn all Kéiers nogekuckt wann ech eppes dobäigemaach hunn oder geläscht. Ech gouf vun hinnen eng Klengegkeet gefrot an zwar "Watfer" Buschtawe mir am Lëtzebuergeschen hunn, soss näischt.

Île flottante[änneren]

Dat ass op Lëtzebuergesch eng Eeërcrême mat Schnéi.

Da gëtt et elo Eeërcrème mat Schnéi geschriwwen oder? An Eeërcrème ass Crème anglaise ne?
Ah jo ech hu bëssen nogesicht anscheinend gëtt et en Ënnerscheed tëscht oeufs à la neige an île flotante gëtt am LB och den Ënnerscheed gemaach?--Soued031 (Diskussioun) 12:47, 9. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]
Bal dat selwecht fir verschidde Leit mä am LB gëtt jo net den Ënnerscheed gemaach gell?

Moien[änneren]

Obwuel ech net grad fir d'Abiergerung vu franséische Wierder sinn, kucken ech no op dat ganzt Sënn ergëtt. Am Ament gesäit et aus als kéint de gro ugepasst ginn. Natierlech wäert ech nach ëmmer "normaalt" Lëtzebuergesch am Wiktionnaire schreiwen maacht Iech keng Suergen. Ech hat wéinst deem ganze Bordell keng Loscht méi Lëtzebuergesch ze schreiwen, lo geet et mer awer besser... Mir mussen egal wéi déi 5000 Artikelen hikréien ;). --Soued031 (Diskussioun) 14:49, 18. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]

Your temporary access is going to expire soon[änneren]

Hello, you were granted temporary adminship in this wiki which is going to expire in a few days. Just to let you know that if you want to continue as an administrator here, you need to request an extension on stewards' permission request page on Meta-Wiki. Usually you only have to make a local announcement on your local village pump or request for adminship page, and if there are no objections after no less than three days, your request will be fulfilled. Additionally, if you think the community is big enough to elect a permanent administrator, you can place a local request here for a permanent adminship, so stewards can grant you the permanent access. Please ask me or any other steward if you have any questions. Thank you! Billinghurst (Diskussioun) 11:27, 15. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

I admire your patience. :) That user has been permanently blocked from nl.wiktionary a long time ago. -- Curious (Diskussioun) 19:11, 3. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]

Temporary permissions expired[änneren]

Hello, the temporary access you requested on this wiki has expired. Just to let you know that If you want it back, feel free to make a local announcement and open a new request on stewards' permission request page on Meta-Wiki later. Moreover, if you think the community is big enough to elect a permanent administrator, you can place a local request within the community (ie: in the village pump absent a specific place) for a permanent adminship, so stewards can grant you the permanent access. Please ask me or any other steward if you have any questions. Thank you! --MarcoAurelio (Diskussioun) 12:33, 2. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Dear Les Meloures,
I've renewed your adminship term for 1 year. I'm sorry it's the maximum we can do for now (see MarcoAurelio's comment above). Sorry if this has taken a lot of time to be solved and many thanks for the work you're doing on this project. If you're really bored of requesting temp adminship, which I understand, just leave a message on my user talk page when it expires and I'll do the necessary. Best regards, -- Quentinv57 13:31, 22. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

Sprachkategorien[änneren]

Ich habe einmal eure [[Kategorie:Däitsch]] angeklickt und dabei ist mir folgendes aufgefallen: 1. Ihr führt Sorbisch (Nieder- und Obersorbisch) unter Deutsch. Sorbisch wird zwar auch nach meinem Wissen nur in Deutschland gesprochen, ist aber eine Westslawische Sprache; sie unter der Kategorie Deutschland zu führen, ist daher ungefähr so sinnvoll wie Indianersprachen aus Nordamerika unter Englisch und aus Süd- und Mittelamerika unter Spanisch zu führen. 2. Niederdeutsch/Niedersächsisch ist kein deutscher Dialekt sondern eine eigene Sprache. Ohne den Luxemburger zu nahe treten zu wollen, aber eher muss man noch Letzeburgisch zu den deutschen Dialekten zählen als Plattdeutsch, das sogar eine erheblich vom Hochdeutschen abweichende Grammatik hat. Im Plattdeutschen gibt es beispielsweise nur 2 Fälle, den Nominativ und den Nichtnominativ; Genitiv, Dativ und Akkusativ existieren gar nicht. Und es ist auch ein großer Irrtum, wenn viele Hochdeutschen meinen, sie könnten Plattdüütsch verstehen, weil das Plattdüütsch auch eine erhebliche Zahl deutscher Wörter als Fremd- oder Lehnswörter übernommen hat. Das führt immer wieder zu erheblichen Missverständnissen wie in dem alten Witz in Bezug auf Englisch, in dem ein Deutscher im Lokal verkündet: I became a steak. Viele Wörter im Plattdeutschen können zudem eher Engländer als Deutsche verstehen; so bedeutet das plattdeutsche Wort Kluuster das gleiche wie das englische Wort cluster und die ähnlichen klingenden Worte in den nordischen Sprachen, während es im Hochdeutschen überhaupt keine Wort mit vergleichbaren Wortsinn kennt und man daher in einigen Bereichen sogar das englische cluster als Fremdwort ins Deutsche übernommen hat. 3. Außerdem habt ihr bei dem einzigen Wort in Niedersächsisch Duutslaand eine schöne Fahne von Niedersachsen vor der Sprachbezeichnung. Schön für Niedersachsen, aber Neddersäks'sch ist zwar ein plattdüütscher Dialekt, wird aber nicht in Niedersachsen sondern in Westholland gesprochen und hat ähnlich wie das Plattdüütsch in Deutschland viele Wörter aus dem Niederländischen übernommen und die Rechtschreibung folgt den holländischen Rechtschreibregeln, während sich die plattdeutsche eher an die deutsche anlehnt, aber es gibt auch erhebliche Unterschiede. Plattdüütsch wird zudem nicht nur in Deutschland, sondern auch in Nordschleswig in Dänemark gesprochen. Mein Vorschlag an euch wäre also, dass ihr sowohl Sorbisch als auch Plattdeutsch/Niedersächsich aus der Kategorie Deutsch herausnehmt und sie als eigenständige Sprachen führt; derzeit führt die Führung beider Sprachen unter Deutsch eher zur Verwirrung der Leute und nicht zur Erhellung der wahren Sachverhalte. Ich bin selbst beim plattdeuschen Wiki aktiv (nds.wiktionary.org) und habe bei uns die Kategorienbildung an das englische Wiki angelehnt (Wir bauen gerade alles um, weil wir einen ziemlichen Wildwuchs über die Jahre mit den Vorlagen und den Kategorienbildung hatten, insoweit mussten wir uns was neues einfallen lassen und das englische Wiki ist sehr gut durchstrukturiert und besitzt ein sehr gutes Vorlagen und Kategorienmanagement, daher haben wir einschließlich vieler Vorlagen vieles übernommen). Dort werden einmal die Sprachen über Länder und einmal über die Sprachen selbst erschlossen, also einmal danach, wo eine Sprache gesprochen wird und einmal jede Sprache für sich in Kategorien aufgenommen. Das System finde ich sehr gut, weil man dadurch sehr gut nachvollziehen kann, wo ein Sprache gesprochen wird, zu welcher Sprachfamilie sie gehört etc. etc. Vielleicht schaut ihr euch dies einmal im englischen Wiktionary an. Falls du mir antworten willst, bitte ich dich, mir im nds.wiktionary.org auf meiner Diskussionsseite zu antworten, weil ich sonst eventuell übersehe, dass du mir etwas geschrieben hast. Grüße aus Norddeutschland --Joachim Mos (Diskussioun) 10:40, 30. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]

Wikt. rus-lux[änneren]

Moien, Jo, genee. my bad

температура [точка] кипения - Siedepunkt oder Kochpunkt (bei Flüssigkeiten, i.e. Wasser) Schmelzpunkt ist eher температура плавления (fürs Eis oder jede Substanz)

Admin on lb:[änneren]

May you renew my adminship en Wiktionary:lb. As you know no other luxemburgish speaker is working on this project. Best regards --Les Meloures (talk) 13:20, 29 January 2014 (UTC)

Hi. I'm returning from a period of inactivity and have just seen your message yet. Apparently your adminship has been renewed for one more year. Feel free to ask if you need my help on the Luxemburgish Wiktionary again. Best regards, -- Quentinv57 13:27, 8. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

nds-wiktionary[änneren]

Moin. Ich bin gerade dabei, Vorlagen für die Kardinalzahlen in verschiedenen Sprachen in unserem Wiktionary zu machen. Leider kann ich aus eurem nicht alle notwendigen Angaben entnehmen, darum hätte ich an dich die Bitte, dass du uns unsere Vorlage vervollständigst: nds:Vörlaag:lb_Kardinaltalen Wie du siehst, sind keine Kenntnisse in Plattdüütsch notwendig, du musst nur hinter die Zahlen das Wort auf Luxemburgisch schreiben. Ich würde mich freuen, wenn du uns den Gefallen tun könntest. Grüße nach Luxemburg --Joachim Mos (Diskussioun) 15:04, 6. Jul. 2014 (UTC)[äntweren]

Moien och. wird in den nächsten zwei Tagen gemacht. :-) --81.242.163.51 19:20, 6. Jul. 2014 (UTC)[äntweren]

Your temporary access is going to expire soon[änneren]

Hello, you were granted temporary adminship in this wiki which is going to expire in a few days. Just to let you know that if you want to continue as an administrator here, you need to request an extension on stewards' permission request page on Meta-Wiki. Usually you only have to make a local announcement on your local village pump or request for adminship page, and if there are no objections after no less than three days, your request will be fulfilled. Additionally, if you think the community is big enough to elect a permanent administrator, you can place a local request here for a permanent adminship, so stewards can grant you the permanent access. Please ask me or any other steward if you have any questions. Thank you! Ajraddatz (Diskussioun) 03:52, 15. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]

Your temporary access has expired[änneren]

Hello, the temporary access you requested on this wiki has expired. Just to let you know that If you want it back, feel free to make a local announcement and open a new request on stewards' permission request page on Meta-Wiki later. Moreover, if you think the community is big enough to elect a permanent administrator, you can place a local request here for a permanent adminship, so stewards can grant you the permanent access. Please ask me or any other steward if you have any questions. Thank you! Ajraddatz (Diskussioun) 06:12, 27. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]

giscard[änneren]

http://www.lepoint.fr/politique/chirac-mitterrand-et-giscard-ont-ete-de-bons-presidents-estiment-les-francais-10-05-2015-1927439_20.php

Your temporary access has expired[änneren]

Hello, the temporary access you requested on this wiki has expired. Just to let you know that If you want it back, feel free to make a local announcement and open a new request on stewards' permission request page on Meta-Wiki later. Moreover, if you think the community is big enough to elect a permanent administrator, you can place a local request here for a permanent adminship, so stewards can grant you the permanent access. Please ask me or any other steward if you have any questions. Thank you! --Stryn (Diskussioun) 10:28, 4. Sep. 2016 (UTC)[äntweren]

Fichieren läschen[änneren]

Hallo Les Meloures! Ich bin dabei, Dateien nach Commons zu verschieben. Anschließend landen die in den Arbeitskategorien Kategorie:Elo op Commons mam selwechten Numm und Kategorie:Elo op Commons. Würdest Du die Dateien in diesen Kategorien bitte prüfen und löschen! Mir, als Nicht-Administrator, fehlen dazu die Rechte. gruß, fcm. --Frank C. Müller (Diskussioun) 12:18, 14. Jun. 2021 (UTC)[äntweren]

Vielen Dank! gruß, fcm. --Frank C. Müller (Diskussioun) 12:43, 14. Jun. 2021 (UTC)[äntweren]
Gerne, b.G. --Les Meloures (Diskussioun) 13:25, 14. Jun. 2021 (UTC)[äntweren]

How we will see unregistered users[änneren]

Hallo!

Du erhältst diese Nachricht, da du Administrator in einem Wikimedia-Wiki bist.

Wenn heute jemand unangemeldet eine Bearbeitung in einem Wikimedia-Wiki vornimmt, zeigen wir dessen IP-Adresse an. Wie viele von euch bereits wissen, werden wir dies in der Zukunft nicht mehr tun können. Dies ist eine Entscheidung der Rechtsabteilung der Wikimedia Foundation aufgrund der Änderung von Normen und Vorschriften zum Datenschutz im Internet.

Statt der IP-Adresse zeigen wir eine maskierte Identität. Als Admin wirst du weiterhin auf die IP zugreifen können. Es wird auch neue Benutzerrechte für diejenigen geben, die die vollständigen IPs von unangemeldeten Benutzern sehen müssen, um Vandalismus, Belästigung und Spam bekämpfen zu können ohne Admin zu sein. Kontrollierer werden ebenfalls Teile der IP sehen können, auch ohne dieses Benutzerrecht. Wir arbeiten auch an besseren Werkzeugen zur Unterstützung.

Wenn du die Seite noch nicht gesehen hast, kannst du auf Meta mehr lesen. Wenn du sicherstellen möchtest, keine technischen Änderungen in den Wikimedia-Wikis zu verpassen, kannst du den wöchentlichen technischen Newsletter abonnieren.

Wir haben zwei Möglichkeiten vorgeschlagen, wie diese Identität funktionieren kann. Wir würden uns über deine Rückmeldung freuen, welche Möglichkeit für dich und dein Wiki am besten funktionieren würde, jetzt und in der Zukunft. Du kannst es uns auf der Diskussionsseite wissen lassen. Du kannst in deiner Sprache schreiben. Die Vorschläge wurden im Oktober veröffentlicht und wir werden nach dem 17. Januar entscheiden.

Danke. /Johan (WMF)

18:17, 4. Jan. 2022 (UTC)

IPA accent[änneren]

Hi! :) I saw you reverted my correction of IPA: [1]. Usually, the accent is put in front of the onset of the syllable. That is not only for accoustic reasons, but also to define syllabic borders and to prevent confusion with ejective consonants. --Ooswesthoesbes (Diskussioun) 09:24, 7. Abr. 2022 (UTC)[äntweren]

In luxemburgish language we should use normaly the IPA given by the luxemburgish dictionary please see here. Best greatings --Les Meloures (Diskussioun) 09:30, 7. Abr. 2022 (UTC)[äntweren]
Ah, apparently they have their own standards. That's a shame, but I understand your reasoning. In that case, let's stick to what the Luxemburgish dictionary says :) --Ooswesthoesbes (Diskussioun) 09:36, 7. Abr. 2022 (UTC)[äntweren]
Hi Ooswesthoesbes, I met yesterday the responsables of the Luxemburgish Dictionary and I asked them about there position of the IPA-accent. They admit that they are wrong and they were not very happy. I will now try find back all the wrong positions and correct them. B. g. --Les Meloures (Diskussioun) 06:33, 17. Jun. 2022 (UTC)[äntweren]
Alright :) --Ooswesthoesbes (Diskussioun) 06:35, 17. Jun. 2022 (UTC)[äntweren]

Dictionnaire[änneren]

Moien, ass et net méiglech d'Prinzipien vun engem Wierderbuch ze berücksichtegen? Bedsten (Diskussioun) 15:23, 2. Jul. 2022 (UTC)[äntweren]

Wat mengt der genee domat? --Les Meloures (Diskussioun) 15:49, 2. Jul. 2022 (UTC)[äntweren]

Bei zweet handelt et sech ëm eng Flexioun vun der Zuel „Zwee“. Wat e Blödsinn. --- Bedsten (Diskussioun) 04:33, 3. Jul. 2022 (UTC)[äntweren]

Stëmmt effektiv. Ech hätt besser gedo eng Flexiounstabell ze maachen. Dat gëtt nogeholl --Les Meloures (Diskussioun) 06:55, 3. Jul. 2022 (UTC)[äntweren]