Benotzer Diskussioun:Soued031

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wiktionnaire
Wëllkomm !

Wëllkomm beim Wiktionnaire op Lëtzebuergesch, Soued031 !

Wanns de ganz nei bei Wiktionnaire bass, kanns de der als éischt eis Hëllef-Kategorie ukucke goen, do fënns de alles wat s de als neie Wiktionnaire-Benotzer wësse muss.

Rotschléi fir déi richteg Schreifweis sinn hei ze fannen!

De Wiktionnaire stécht nach an de Kannerschong. Merci fir deng Kontributiounen!

Fir deng Messagen z'ënnerschreiwen, muss de 3 mol den Tilde (~) schreiwen, bei 4 mol kënnt och nach d'Auerzäit an den Datum derbäistoen.

Vill Spaass an op eng gutt Zesummenaarbecht.

--Ooswesthoesbes 15:27, 16. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

I'm sorry for not speaking Luxembourgish. The translation sections have been fixed now :) --Ooswesthoesbes 15:27, 16. Okt. 2011 (UTC)[äntweren]

Thanks ;).

Moien,

Eng Äntwert steet do --Les Meloures 14:23, 25. Dez. 2011 (UTC)[äntweren]

Remoien,
Beim Béier dat männlecht Schwäin net vergiessen  :-)) --Les Meloures 14:39, 25. Dez. 2011 (UTC)[äntweren]
Kéints du d'Beispillsätz schreiwen an och d'Definitiounen? Dat ass wierklech dat eenzegt wat ech net richteg kann oder besser gesot ech maachen dat net gären. Iwwwersetzen an d'IPA-Schreifweis (krut ënner anerem en Dictionnaire mat Phonetik als Kaddo) kann ech.
Ok ech bekëmmere mech drëms. Ech si frou datt mer dann och an der Lautschrëft e bësselche weiderkommen. --Les Meloures 14:54, 25. Dez. 2011 (UTC)[äntweren]


Salut,
Den 9000 Wierder St.Paul mécht sech et e bësselchen einfach, fannen ech. Allerdéngs wéi déi meescht lëtzebuergesch Dictionnairen, déi ameséiere sech net dermat wou d'Wierder hierkommen. Ech hunn emol beim Salem alles opgefouert wat derzou gehéiert. --Les Meloures 20:23, 25. Dez. 2011 (UTC)[äntweren]
Dat ass normal, ech schwätzen oft mam Auteur vum LuxDico, weess du dass déi wéineg kréie fir hir Aarbecht? D'Loscht feelt bei den Auteuren sécher net awer de finanzielle Moyen schonn. Dat wat wierklech interessant ass un deem Saint Paul Dictionnaire ass d'Phonetik an d'Synonymen (ass mengen ech deen eenzegen deen dat huet, ech si mer do net sou sécher...). Deen Dictionnaire ass leider penibel par Rapport vum LuxDico dee villeg méi kleng ass.. awer deen huet méi Contenu. De Problem bei Salem ass, dass mer net wëssen ob domadder de Fësch gemengt ass oder d'Iessen. Dat ka kee wëssen... (Ausser du beweis et mer ;)) Dowéinst sinn ech der Meenung dass déi zwee Wierder déi selwecht Bedeitung hunn. Au fait gutt Aarbecht ;). Wéi wär et wa mer eis Efforten op engem Artikel konzentréieren, sou kéint jiddereen deen nomaachen? Wéie maache mer fir d'éischt? Wat häls du vun dëser Reiefollg: Etymologie, Aner Schreifweisen (fir dat selwecht Wuert, do kënnen da regional Schreifweise bäigesat ginn, a keng Feeler ;)), Definitioun, Beispiller (Sätz), Synonymen, Kuckt och a schlussendlech d'Iwwersetzungen? PS: Dat mat Polarbier ech hat do e bëssen ze vill ausgeflippt (ech wor rosen well d'Aarbecht einfach geläscht gouf ouni Kommentar ausser a kengem Dictionnaire... da kann ech dann Juddaassegkeet dobäisetzen well et am Dictionaire ass...) Dat ass en Neologisme an dee kënnt vu mir... well ech aus Feeler zu engem Polarbier sot, an hien huet ab do ugefangen och Polarbier ze soen sou wéi all Leit déi mech kennen. Spéider huet de Michel (Auteur vum Spellchecker) dat Wuert am Spellchecker bäigesat. Bref wann s du et läsche wëlls da jee alt. Ass awer ee vu menge Liiblingswierder am Lëtzebuergeschen, souwéi Paangecher asw...
PS: Wann ech emol d'Schabloun check an en Artikel setzen da soll dat w.e.g. net als virworf opgeholl ginn. Et ass och eng Erënnerung fir mech, wou nach eppes muss gemaach ginn. Et mécht et méi einfach déi Artikelen iwwer d'Linksäite vun der Schabloun erëmzefannen. --Les Meloures 20:40, 25. Dez. 2011 (UTC)[äntweren]
Domadder hunn ech kee Problem.
Salut,
De Saumon ass wirklech eng speziell Saach mä soll kee Problem sinn. Et soll ee sech do net Behaaptungen ofginn wien a wat wou am meeschte gebraucht gëtt. Mer kënnen ons jo schlecht an d'Groussgaass stelle goen a Statistike maachen. Ech hu geinn den LOD gebraucht dat schéint englescht Wuert T-shirt. Déi schéngen och net ze wëssen datt dat op Lëtzebuergesch e Kleedchen oder Ënnescht Kleedchen heescht. Ech si mol fro datt een dee passabel Lëtzebuergesch kann hei hëlleft. Et waren eng Hällewull Wurschtelpittien hei un der Aarbecht. Ech mengen ech hunn emol fir dräi wochen Aarbecht fir alles ze kontrolléieren.
Bei den Iwwersetzunge soll een och kee Kopplabunz schloen, an net no Exote siche goen. Wa mer do déi gängest Sproochen déi zu Lëtzebuerg geschwat ginn, dra stoen hunn, wéi it; de; fr; en; pt; an nach eventuell nl; dann hu mer scho vill. Et soll een och wa mer en Artikel gemaach hunn, wéinstens bei de Fransousen, den Däitschen an den Hollänner waan déi en Artikel hunn d'lëtzebuergesch Iwwersetzung derbäi setze goen. Op déi Säite kënnt een, wann een an der Iwwersetzungskëscht op dee klengen de; fr; oder nl; klickt, dee riets niewen der Iwwersetzung vum Wuert steet.
Mam Opbau vun de Säite loossen ech dech gewäerden. Modeller dofir fënnt e jo op den auslännesche Wiktionnairen. Et soll just iwwerall bei äis d'selwecht ausgesinn, awer ouni datt eidel Iwwerschrëften do stinn.
Mer wäerte schonn eens ginn ouni eis ze zerklappen. --Les Meloures 21:58, 25. Dez. 2011 (UTC)[äntweren]
Jo ech sinn nëmme gutt an de Graphien... dat ginn ech nach ëmmer haut zou. Ech setze mech méi fir eng eenheetlech Schreifweis am Lëtzebuergeschen an. Et gëtt menger Meenung no méi Schlechtes ewéi T-Shirt... Neijoerschdag ass menger Meenung no dat schlëmmst... Pardon awer wee seet schonn Neijoerschdag? E Stater seet oft Neijoersdag aner Neijooschdag. Da kommen déi „flott“ Graphien... ewéi Ministère mat ère awer Misär mat är... Oder verschidde Wierder déi den e am Schluss behalen obwuel déi net vum Franséische ofstamen. (Keng Angscht déi hunn ech engem gemellt an hie wäert kucke wat mer dorausser kënne maachen.) Du muss och bedenken dass Lëtzebuergesch evoluéiert Lemmaen ewéi T-Shirt, Saumon, Lakritz gehéieren haut zum Sproochgebrauch. Ass et negativ? Menger Meenung nee, well souguer wann ech de Leit ziele ginn dass et Mokuch ass, verhalen se et net, also insistéieren hëlleft net. Wat mer awer kënne maachen ass, dass mer déi Wierder als Synonym betruechten ;). Sou Klengegkeete beweisen dass Lëtzebuergesch "net austierft" wéi di meescht et behaapten. Ech wäert probéieren Äisbier ganz hinzekréien. Soss keng Angscht ech „debattéiere“ gären :-). Ech fannen et gutt dass mer net vun der selwechter Meenung sinn... Soss géif ech nëmme "modern" Wierder hei androen ;). Fir d'Iwwersetzungen du wäerts staunen déi meescht si schonn dran.
Gudden Owend oder gudde Moien,
Kanns de mol déi Kolleg beim Luxdico froen, firwat datt si Échel mat Ë schreiwen. Den LOD kennt dat Déier iwwerhaapt net. Ech hu mech scho bei deene gemellt. --Les Meloures 01:15, 26. Dez. 2011 (UTC)[äntweren]
En ass net mäi Kolleg >_< de Jérôme Lulling ka jo net Kolleg mat engem sinn dee just 18 Joer huet. PS: Ech verbesseren de LuxDico a (NEW EDIT) bei mir steet e Fragezeechen, normalerweis kënnt dat wa Fransousen/Däitschen/asw... d'LuxDico-Lëscht oftippe fir dorausser en Dictionnaire ze maachen. Jo et gi momentan keng Leit déi Lëtzebuergesch kënnen an dat „richteg“ oftippen, ech froen hien awer mol ;).
D'Mail gouf geschéckt ech halen dech am Lafen.


Remoien,
Wann et dech intresséiert, da kënne mer ons eng Kéier gesinn. Ech wunnen am Ausland, sinn awer e Freideg géint der Owend am Ländchen, an hu vu 16:00 bis 19:00 Spillraum. --Les Meloures 16:31, 27. Dez. 2011 (UTC)[äntweren]
Jo dat géif mech héchst interesséieren! Wou solle mer eis begéinen?
wou et där am noosten ass, a wou eng Parkplaz zimmlech nobäi ass. Ech kann net méi sou gutt lafen. Wou wunns du ? --Les Meloures 16:55, 27. Dez. 2011 (UTC)[äntweren]
Sandweiler, dir braucht 20 Minutte fir mam Buss vun der Stad bis heihinner ze kommen.
Ech si mam Auto ënnerwee. Da géif ech soen um 17:00 bei der Sandweiler Kierch. Ech hunn e Skoda mat der Plack RB1950. --Les Meloures 17:19, 27. Dez. 2011 (UTC)[äntweren]
Ok, ech hu grad meng Eltere gefrot déi hunn näischt dergéint ;). Also dann um 17:00 Auer bei der Sandweiler Kierch?
Tip top. Et kann een nämlech an 10 Minutte méi schwätzen, wéi an enger Stonn schreiwen. --Les Meloures 17:37, 27. Dez. 2011 (UTC)[äntweren]
Perfekt majo dann bis e Freiden ;)
Hu schonn dru geduecht, awer et stinn der nach 2-3 Honnert op dé i mat méi Artikele verlinkt sinn. --Les Meloures 18:40, 27. Dez. 2011 (UTC)[äntweren]
D'Séissegkeet ass gebongt. --Les Meloures 19:25, 27. Dez. 2011 (UTC)[äntweren]
Genial, de Wiktionnaire gëtt ëmmer méi homogen.
Dat ass korrekt.
Salut, bei der Ausprooch vun der Kaz, zitts de den a ze laang. --Les Meloures 16:55, 31. Dez. 2011 (UTC)[äntweren]
Hum ok da maachen ech dat mar. Haut muss gefeiert ginn ;).


Den Audiofichier vun der Kaz ass tip top. --Les Meloures 13:46, 1. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]
Merci ech hunn den Dréi raus ech lauschteren ëmmer virdrun dem LOD.lu seng Audiofichieren (natierlech kee Copy-Paste well et ass jo eng Fra déi beim LOD schwätzt...)
De vum Paangech ass och tiptop --Les Meloures 14:39, 1. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]
Salut, bei der Méizuel vum Freedefeier ass de Schluss ren zevill betount.
Merci, gëtt spéider gemaach (vill Geräisch am Hannergrond) Ech huelen et fir den Ament ewech (also fir dass keen et ofspillt).
Äntwert op menger Diskussiounssäit --Les Meloures 12:03, 2. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]
Kuck der emol den Artikel op Wikipedia un. Do misst dat meescht iwwer d'Eifeler Regel ze fanne sinn. --Les Meloures 12:19, 2. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]
Ech u guer keng Ahnung --Les Meloures 12:31, 2. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]
Ech fannen ons méi einfach, well an der englescher muss een all Kéiers d'Sprooch virdrun ausschreiwe goen. Bei ons kann een e copy/paste maachen a just de Sproochecode ersetzen da weist en d'Sprooch mat un. --Les Meloures 13:21, 2. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Vu waterenger Tabell schwätzt de elo ?

Setz emol e Beispill hei op deng Dikussiounssäit. --Les Meloures 13:51, 2. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Ech schaffen nach drun ;) Ech gi léiwer eppes fäerdeges of. kuck der déi däitsch Këscht un op wiktionaire.de bei Katze z.B.. Dee Still gefält mir. Natierlech steet bei eis dann aner Saachen do... den Zill vun der Saach ass d'Ausprooch mat dranzekréie well am Lëtzebuergeschen jo ni de Substantiv geännert gëtt.
Maach emo w.e.g däi Skype un.


Salut esch hunn emol déi heite Schabloun {{xxx}} fir dech ugeluecht well s de keen Tilde hues. Du kanns dann domat ënnerschreiwen, an et gesäit esou aus. Schabloun:xxx
Villmools Merci, a wéieng Fändele soll ech an engem gif maachen Allemannesch? Schabloun:xxx
Ech muss déi emol eraussiche goen an de schécken ech der d'Linken. --Les Meloures 15:43, 6. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]
Ech kann déi Biller och selwer erëmfannen , du muss der net vill Méi ginn. Soulaang ech d'Nimm vun de Regiounen hunn (dowéinst froen ech dir et well s du dech zwar déck gutt auskenns mat germanesch Sproochen), ginn ech mengen ech eenz. Soss kuck wat ech fir e Link fonnt, dat hunn ech vun op der Säit vun engem neie Benotzer: http://www.wikistatistics.net/wiktionary/lb/articles/full Schabloun:xxx

Dixionär[änneren]

Obrigado pelas correções no Wikcionário Português! Aproveitando, a palavra Dixionär existiu? Pode ser catalogada no Wikcionário como sendo uma grafia obsoleta? Obrigado, Malafaya 13:31, 8. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Oi de nada, sim antigamente existia essa grafia. Essa grafia tava nesses dicionários "LWB – Luxemburger Wörterbuch" (1950-1970) e o "WLM – Wörterbuch der luxemburgischen Mundart" (1906). A nova grafia é de 1999. Têm uma diferencia de ao menos 29 anos! O pior é que o "LWB – Luxemburger Wörterbuch" foi retirado do mercado poco tempo depois. A nova grafia dessa palavra é Dictionnaire. Nos (os du lëtzebuergesche Wiktionnaire) escrevemos sempre na nova grafia. Se você inda têm mas preguntas não hesita pra preguntar. ;) E uma pregunta como se escreve urso-polar? e urso-branco? Desculpa por o meu português eu nunca aprendi a escrever português. --Soued031 14:36, 8. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]
ass gebongt :-) --Les Meloures 14:38, 8. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]
Urso-polar e urso-branco estão bem como você escreveu :). Malafaya 16:06, 8. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]
Wann ee vill selwer kacht da wees ee wéi se gemaach gëtt. --Les Meloures 20:32, 9. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]
Souwäit wéi ech wees, huet Äerdbier kee Pluriel. --Les Meloures 20:36, 9. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]
Korrekt mäi Feeler... Soss sinn ech gewinnt op pt oder fr ze kachen... däitsch Terme muss ech ëmmer nokucken + net den Niveau fir de Procédé vun der Schlagsahn z'erklären.
Ieper hunn ech a mengem ganze Liewen nach net héieren. Dat schéngt mer just eng schlecht Aussprooch ze sinn, vu Leit déi net wëesse wéi et richteg ausgeschwat gëtt.
maach déi skype mol op w.e.g.
Hai oder Haifësch ass Speck a Schwéngsfleesch. --Les Meloures 20:22, 10. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Wann ee seet et ass Speck a Schwéngsfleesch dat wëll heeschen, et ass egal, oder et ass datselwecht.

Audiofichieren[änneren]

Schreift w.e.g. hei hinner wat iech un den Audiosfichiere stéiert.

Salut, den ogg. vun der Wo ass net gutt. --Les Meloures 12:59, 23. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]
Du kanns e gäre läschen kuck och no op d'Méizuel gutt ass oder net. Ech maachen ëmmer de Pluriel mat der Eenzuel. Sou weess ech aha den Admin huet e geläscht en ass also schlecht.--Soued031 13:05, 23. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]
Kanns de dech emol um Skype mellen --Les Meloures 15:39, 8. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

Bonsoir[änneren]

C'est bien de contribuer aussi dans ce wiktionary. Soyez tranquille, j'essaierai de fair d'autres apports, spécialement sur la langue asturienne. À plus!--Etienfr 20:18, 11. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

On est un Wiktionnaire récent tout comme sa langue, chaque pierre apportée compte pour nous. C'est bien que tu contribues en asturien, on en fait rarement des articles. A la prochaine! --Soued031 20:45, 11. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

Projet amarelo (Spéideren Numm : "Conjugaisoun lb"[änneren]

Amarelo

| Présent ech              = kussen
| Présent du               = kuss
| Présent hien             = kusst
| Présent mir              = kussen
| Présent dir              = kusst
| Présent si               = kussen
| Prétérit ech             = —
| Prétérit du              = —
| Prétérit hien            = —
| Prétérit mir             = —
| Prétérit dir             = —
| Prétérit si              = —
| Passé composé ech        = hu gekësst
| Passé composé du         = hues gekësst
| Passé composé hien       = huet gekësst
| Passé composé mir        = hu gekësst
| Passé composé dir        = hutt gekësst
| Passé composé si         = hu gekësst
| Plus-que-parfait ech     = hat gekësst
| Plus-que-parfait du      = has gekësst
| Plus-que-parfait hien    = hat gekësst
| Plus-que-parfait mir     = hate gekësst
| Plus-que-parfait dir     = hat gekësst
| Plus-que-parfait si      = hate gekësst
| Présent simple ech       = —
| Présent simple du        = —
| Présent simple hien      = —
| Présent simple mir       = —
| Présent simple dir       = —
| Présent simple si        = —
| Présent composé ech      = géif këssen
| Présent composé du       = géifs këssen
| Présent composé hien     = géif këssen
| Présent composé mir      = géife këssen
| Présent composé dir      = géift këssen
| Présent composé si       = géife këssen
| Passé ech                = hätt gekësst
| Passé du                 = häss gekësst
| Passé hien               = hätt gekësst
| Passé mir	            = hätte gekësst
| Passé dir                = hätt gekësst
| Passé si                 = hätte gekësst
| Impératif Eenzuel        = këss
| Impératif Méizuel        = kësst
| Participe passé          = gekësst


Ech sinn elo do --Les Meloures 15:36, 22. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]


Ass scho gemaach --Les Meloures (Diskussioun) 12:18, 25. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]
Fir déi 14. Woch wier Këssen net schlecht. --Les Meloures (Diskussioun) 12:48, 25. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]
Ok domader sinn ech averstan ;)


Haut hunn ech dat Verb kussen fir d'éischt héieren, vilméi gelies. Kënnt mer zimmlech spuenesch vir, well et huet och näischt mat enger Translatioun aus dem Déisäit der Musel ze dinn. --Les Meloures (Diskussioun) 13:22, 25. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]
Dir wäert laachen awer ech hat nach ni vu këssen héieren... well ech déi ganzen Zäite just kussen héieren. Menger Meenung no ass dat déi selwecht Geschicht wéi rutschen a rëtschen.

Ganz flott, awer mou bleift d'automatesch Kategorisatioun vun der Wuertaart. --Les Meloures (Diskussioun) 14:42, 29. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]


Ma da looss der mol eng afalen fir déi Schablounen onsichtbar ze maachen.  :-) --Les Meloures (Diskussioun) 14:55, 29. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]
Ech weess net op dat eescht gemengt ass awer ech wäert et dach nach probéieren. Soss musse mer dann ""Überbegriff"" benotzen wéi déi Däitsch da kënne mer do d'Saache kategoriséieren.


Da maach emol den neie Layout. Perséinlech fäerten ech e bësselchen, datt hannenno méi Energie an de Layout muss gestach ginn wéi an déi wichteg Saachen. Wéi z.B. Boboen am Artikel Schlapp.  :--)) --Les Meloures (Diskussioun) 16:09, 29. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]

Genau dat well ech onbedéngt vermeiden. Den aktuelle Layout brauch just méi laang bei der Aussprooch, well mer lo eng Iwwerschreft schreiwen an dann d'Aussprooch schreiwen a well mer lo nees Substantiv m asw ausschreiwe mussen. Soll ech den Inhaltsverzeechnes (déi Këscht déi dir haasst) ausmaachen?
Kéint der mer d'Rechter ginn fir d'Schabloun Aussprooch a Substantiv ginn?


Ech denken net drun fir eppes änneren ze goen sou laang wéi dd'Substantivschabloun nach net richteg funktionnéiert. -- Les Meloures (Diskussioun) 17:13, 29. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]


Île flottante[änneren]

Dat ass op Lëtzebuergesch eng Eeërcrème mat Schnéi.
Sou wäit wéi ech eppes vum Kache verstinn sinn d'îles flottantes an d'oeufs à la neige sou gutt ewéi datselwecht. --Les Meloures (Diskussioun) 15:42, 9. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]
Bei wat soll deen Ënnerscheed da leien? --Les Meloures (Diskussioun) 20:12, 9. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]


Ass déi Skype futti?