Schënner

Vu Wiktionnaire

Lëtzebuergesch[änneren]

Substantiv m (pl: Schënner)

Aussprooch (IPA): [ˈʃənɐ]

Bedeitungen:

[1] De Schënner war fréier e Beruff dee sech ëm d'Verschaffe vun Déierekadavere bekëmmert huet.
[2] Dovunner ofgeleet war et eng Persoun déi sech mat Schanken auskannt huet, an dofir de Leit bei Verenkunge konnt hëllefen.
[3] Dacks gebraucht fir een dee säin Handwierk net gutt mécht, z. B. e Chirurg deen net gutt operéiert.
[4] E Mënsch deen anerer duerch seng Autoritéit pisaakt.

Bsp:

[1] D'Päerd huet e Been gebrach an huet misse bei de Schënner gefouert ginn.
[1] De Schënner vun Ell war e gudde Schankefléckert, an hat gutt Saleften.
[1] Vu waterengem Schënner war de Jemp dann operéiert ginn.
[1] Gottseidank, datt deen endlech d'Pensioun huet, dat war jo e richtege Mënscheschënner