D'Méizuel ofgekierzt pl, kann am Lëtzebuergeschen op en ettlech Manéiere gebilt ginn. Et gëtt keng allgemeng Regel, sou datt een einfach muss wëssen, wéi d'Méizuel ass.
Déi heefegst Endunge sinn:
-en
d'Fra
pl = d'Fraen
d'Wonn
pl = d'Wonnen
-er
d'Bett
pl= d'Better
den Dësch
pl = d'Dëscher
Wierder déi aus dem Franséische kommen, kréien am allgemengen d'Endung -(e)n an der Méizuel:
de Client
pl = d'Clienten
de Wagon
pl = d'Wagonen
d'Ficelle
pl = d'Ficellen
Datselwecht gëllt fir Wierder déi aus anere Sprooche kommen:
den Toreador
pl = d'Toreadoren
d'Paprika
pl = d'Paprikaen
de Computer
pl = d'Computeren
Verschiddener changéieren de Vokal oder Duebellaut an der Méizuel:
den Numm
pl = d'Nimm
de Plou
pl = d'Pléi
de Schaf
pl = d'Schief
Aner Substantiver bleiwen onverännert:
d'Päerd
pl = d'Päerd
de Schong
pl = d'Schong
de Fréisser
pl = d'Fréisser
En etlech changéieren e Konsonant an/oder e Vokal, an/oder kréien eng Silb méi:
d'Blat
pl = d'Blieder
d'Haus
pl = d'Haiser
d'Maus
pl = d'Mais
d'Glas
pl = d'Glieser
Zu gudder Lescht gëtt et nach déi, déi en en an der Eenzuel hunn, an deen an der Méizuel verléieren: