Benotzer Diskussioun:Da Waidler

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wiktionnaire
Moien Da Waidler,

wëllkomm um Wiktionnaire op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi um Wiktionnaire! Mir schaffen hei zesummen dorunner, e fräi zougänglechen, gratis, neutralen a méiglechst ausféierlechen Dictionnaire op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: Sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!


Dës Säit hei ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet esou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (esou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".

Et ass och erwënscht datt Dir op Ärer Benotzersäit d'Babelinformatiounen asetzt fir datt aner Benotzer wëssen a wat fir enger Sprooch si mat Iech korrespondéiere kënnen.
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


Gudde Moien,

Wgl. wat soll mat enk kennt gemengt sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 07:53, 15. Abr. 2022 (UTC)[äntweren]

Léiwe Benotzer Da Waidler.
Dat ass eng Fro iwwer eng onverständlech Ausso am Artikel enk. Et misst ee scho kënnen normal Froe vu perséinlechen Attacke ënnerscheeden --Les Meloures (Diskussioun) 12:22, 15. Abr. 2022 (UTC)[äntweren]
Froen iwwer Lemmaen ginn op der Säit gestallt. Da Waidler (Diskussioun) 12:27, 15. Abr. 2022 (UTC)[äntweren]
Froen déi ee Benotzer héiflech gestallt kritt sollt deen och wgl. héiflech beäntwerten. Ass dat ze schwéier? --Les Meloures (Diskussioun) 12:30, 15. Abr. 2022 (UTC)[äntweren]
et ass keng héiflech Fro. Da Waidler (Diskussioun) 12:36, 15. Abr. 2022 (UTC)[äntweren]
Wann ee mat wgl freet (dat ass eng Héiflechtkeetsform) freet dann ass dat héiflech gemengt. Oder wéi soll een et nach méi héiflech ausdrécken. D'Onhéiflechtkeet ass bei Iech. Amplaz op eng einfach Fro wëllen z'äntweren wëllt dir just d'Saach opbauschen, oder sidd der an der Onméiglechkeet fir eng Äntwert ze ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 12:51, 15. Abr. 2022 (UTC)[äntweren]
Ech géif et héiflech Belästegung (oder perséinlech Attack) nennen. Wann Dir dëst net versteet, da liest w.e.g. eppes iwwer Kommunikatioun.Da Waidler (Diskussioun) 03:36, 16. Abr. 2022 (UTC)[äntweren]
Dir wësst just net wat der wollt ausdrécken. Dat ass lo einfach wéi dir et dat géift soen eng onhéiflech Feststellung. --Les Meloures (Diskussioun) 07:37, 16. Abr. 2022 (UTC)[äntweren]

Firwat huelt dir d'Wikipedia-Schablounen aus den Artikelen eraus. --Les Meloures (Diskussioun) 09:14, 16. Abr. 2022 (UTC)[äntweren]

Kategorien a sech selwer ze kategoriséieren ass bei aller Héiflechkeet net déi bescht Iddi. Ech hoffen der maacht sou Saachen net express soss muss ee vu Vandalismus ausgoen. --Les Meloures (Diskussioun) 15:16, 16. Abr. 2022 (UTC)[äntweren]
Haalt wgl. dermat op Wikipediaschablounen aus den Artikelen erauszehuelen. Wann Dir mat sou Aktioune weiderfuert riskéiert Dir datt Äre Kont gespaart gëtt.


Am Artikel Νορβηγία hues d'en Audio Grichenlanlad dragesat: Wat solle sou Tricken? Lo ass et geschwënn mat der Héiflechkeet hei eriwwer. --Les Meloures (Diskussioun) 17:43, 17. Abr. 2022 (UTC)[äntweren]