Hëllef:Lautschrëft

Vu Wiktionnaire

Duerch d'Lautschrëft kann een all Laut vun engem Wuert, a schrëftlecher Form, präzis festhalen.

Beim Lëtzebuerger Wiktionary gëtt et zwou Zorte fir d'Lauter vun enger Sprooch duerzestellen:

D'Lautschrëft nom Internationale Phoneteschen Alphabet (IPA) misst deene meeschten duerch d'Benotzung an handelsübleche Wierderbicher geleefeg sinn. D'Benotzung vum IPA gëtt wéinst senger Genauegkeet och am Wiktionnaire ugeroden.
D'Lautschrëft nom Speech Assessment Methods Phonetic Alphabet (SAMPA) ass am Verglach zum IPA éischter ongenee. Si kann awer trotzdem am Wiktionnaire benotzt ginn.


Beim englische Wiktionary gëtt et nach een drëtten Typ:

Dës Lautschrëft gëtt vrun allem am American Heritage Dictionary (AHD) benotzt, a bitt sech also haaptsächlech bei amerikanesche Wierder un.

Kuckt och[änneren]