Hëllef:Heefeg gestallt Froen

Vu Wiktionnaire
« [[Hëllef:{{{viregt Säit}}}|{{{viregt Säit}}}]] Wiktionnaire - Handbuch Wat de Wiktionnaire net ass »


Hei fannt Dir Äntwerten zu verschiddenen heefeg gestallte Froen zum Wiktionnaire, dem Lëtzebuerger Wiktionary.

Wat ass de Wiktionnaire?[änneren]

De Wiktionnaire ass de Lëtzebuerger Wiktionary. Et ass e fräit an oppend Wierderbuch, dat op lëtzebuergesch Erklärungen zu Semantik (Bedeitung), Grammatik an Iwwersetzunge fir Wierder aus beliebege Sproochen ubidd.

Sënn vum Wiktionnaire ass et, de Wuertschatz vu verschiddene Sproochen ze weisen, ouni dësen aktiv ze veränneren. Dofir solle keng Wierderkreatiounen hei agedroe ginn, déi nach keen Antrag an de Sproochgebrauch fonnt hunn. Datt erfëllt och den Zweck datt e Benotzer vun dësem Wierderbuch dovunner ausgoe kann, datt et déi Wierder hei och wierklech gëtt.

D'Oppenheet vum Wiktionnaire bedeit, datt all Benotzer beim Opbau vum Wiktionary hëllefe kann - dat ass méiglech well d'Wierderbuch als Wiki (kuck dozou och folgend Fro) konzipéiert ass.

Wat ass e Wiki?[änneren]

E Wiki ass eng oppen Informatiounssammlung, déi vu jiddwerengem net nëmme gelies, mä och verännert ka ginn. An engem Wiki ass also all Benotzer en Auteur, Lekteur, Matauteur oder Administrator. (Et gëtt och verschidde Benotzer mat liicht erweiderte Méiglechkeeten, mä all grondleeënd Funktioune stinn all Benotzer zur Verfügung!) Eng méi ausféierlech Äntwert kënnt dir am Wikipedia Artikel „Wiki“ noliesen.

Ass e Wiki fir e Wierderbuch net éischter ongëeegent?[änneren]

Jo, wann et nëmmen em Iwwersetzunge geet. An deem Fall si staark strukturéiert Datebanke vu Virdeel. Am Wiktionnaire geet et allerdéngs dodrëms, Informatiounen zesummenzestellen, déi sech net ouni Verfälschung an e starrt Schema presse loossen.

Am Internet gëtt et dach scho genuch Wierderbicher[änneren]

Déi meescht dovunner sinn awer haaptsächlech als Iwwersetzungshëllef geduecht. Wierder aus verschiddene Sprooche loossen sech awer net ouni Informatiounsverloscht eent zu eent iwwersetzen. Als Beispill:

Wat nëtzt mir d'Informatioun, datt sech dat chinesescht Wuert (huǒ) als fire iwwersetze léisst?

Usech wéineg, well da wees ech nach ëmmer et, op mat 火 d'Feier, oder d'Flam gemengt ass, oder e Virgang wéi ufänken, schéissen, oder awer villäicht entloossen?

Dofir läit am Wiktionnaire de Schwéierpunkt net op der Iwwersetzung, mä dodropper, d'Bedeitung vum jeeweilege Wuert op lëtzebuergesch erëmzeginn. Well des Informatioun ganz individuell ka sinn, profitéiert de Wiktionnaire vun engem Wiki.

Wisou ass de Wiktionnaire e Wiki?[änneren]

Schemata erliichteren den Ëmgang mat an de Vergläich vu Sproochen. E souee Schema stellt am Prinzip och e Wierderbuch duer, an deem Wierder no méi oder manner flexibele Virgaben erläutert ginn. E starrt Schema erliichtert d'Handhabung vun esouengem Wierderbuch (z.B. strukturéiert Datebank fir Iwwersetzungen op déi verschiddesproocheg Benotzerschnëttstellen zeréckgräife kënnen), reduzéieren awer de Notzen (vgl. Beispill in Am Internet gëtt et dach scho genuch Wierderbicher).

Ass et net eng Heedenarbecht alles mat der Hand anzedroen?[änneren]

Jo, a frot net wéi! Dofir ass Är Mataarbecht wëllkomm (méi genee: „Deng Mataarbecht“, well tëscht alle Matschaffer den „Du“ üblech ass).

Wéi kann ech da mathëllefen?[änneren]

Dat ass ganz einfach: ëmmer wanns du (zum „Du“ kuck déi vireg Fro) an engem Wierderbuchantrag e Feeler fënns, kanns du e selwer verbesseren, andeems du op „Säit ännere“ klicks.

Ganz oft wäerts du och op Anträg stoussen, wou nach allerhand feelt. Och hei kannst du mat dengem Wësse mathëllefen!

Kann ech och nei Anträg bäidroen?[änneren]

Ma Jo! Et gëtt awer ugeroden, sech aus éischt duerch d'Beaarbechte vun existenten Anträg mam Opbau vum Wiktionnaire vertraut ze maachen. Dobäi wäert dir och opfalen, datt déi verschidden Anträg net ëmmer all d'selwecht opgebaut sinn. An do, wou eng Vereenheetlechung méiglech ass, existéiert eng Formatvirlag fir Wierderbuchanträg, déi heefeg ze behandelnd Aspekter vun engem Wierderbuchantrag enthällt.

Wat kann ech maachen, wann ech mer bei engem Antrag net sécher sinn?[änneren]

Wanns du dir d'Formatvirlag ukucks, denks du dir vläit: „Wat een do alles asetze kann – wie soll dat dann alles wëssen?“ Dës Reaktioun ass normal, mä kee Grond z'erféieren. Keen erwaart, datts du e Wierderbuchantrag direkt komplett ulees. Fëll einfach dat aus, wat s de weess.

Wéi ass et mat der Grouss- a Klengschreiwung?[änneren]

Kleng- a groussgeschriwwe Bäiträg kënnen zu ënnerschiddleche Wierderbuchanträg féieren, (Bank a bank sinn ënnerschiddlech Wierderbuchanträg). Just wann een Antrag nëmmen an enger Schreifweis existéiert gëtt en op den entspriechende grouss- bzw. klenggeschriwwenen Antrag weidergeleed.

Wouranner ënnerscheede sech Wikipedia a Wiktionnaire?[änneren]

  • Wikipedia ass eng fräi Enzyklopedie: an dem Artikel zu engem Stëchwuert gëtt erklärt woufir dëst Stëchwuert inhaltlech steet.
  • Wiktionary ass e fräit Wierderbuch: am Wierderbuchantrag zu engem Wuert gëtt d'Verwendung vum Wuert selwer (Wuertart, Flexioun) erklärt. Dat, woufir d'Wuert inhaltlech steet, ass dobäi nëmmen ee vun de villen Aspekter vum Wuert, a kann hei (ënnert dem Punkt „Bedeitung“) nëmmen ugerass ginn.

Wat kann ech maache wann ech eng Fro hunn, déi hei nach net beäntwert gouf?[änneren]