Wiktionnaire:GNU-Lizenz fir fräi Dokumenter

Vu Wiktionnaire

GNU-Lizenz fir fräi Dokumenter oder och nach GNU Free Documentation License (GNU-FDL) ass eng Lizenz vum GNU-Projet.

Dëse Projet huet als Zil, fräi verfügbar Versioune vu Software an anere Wierker zesummenzestellen.

D'GNU-Lizenz fir fräi Dokumenter ass dobäi ursprénglech erschaf ginn, fir d'Begleeddokumentatioun (Handbicher etc.) zur Software vum GNU-Projet, ënnert eng ähnlech fräi Lizenz ze stellen wéi d'Software selwer, an déi den ënnerschiddleche Bedürfnisser vu Software an Dokumentatioun gerecht gëtt. Domadder ass d'GNU-FDL eng Lizenz déi dem Geescht vun der Fräier Software-Bewegung entsprécht, déi di fräi Verfügbarkeet vun Dokumenter an d'Bekanntmaachung an Iwwerdroung vu Rechter fir all Persoun garantéiert. Dës Lizenz ass net nëmme fir Dokumentatiounen, déi eng Software begleede gëeegent, mä och allgemeng fir Dokumenter, an dofir kann si op de Wiktionnaire (lb.wiktionary.org) ugewannt ginn.

Den Zweck vun dëser Lizenz ass et, en Handbuch, Textbuch oder en anert nëtzlecht Dokument fräi, am Sënn vu Fräiheet, ze maachen; jiddwerengem d'Fräiheet ze sécheren, et ze kopéieren a mat oder ouni Ännerunge kommerziell oder net kommerziell weiderzeverbreeden.

De Wiktionnaire benotzt dës Lizenz fir säi ganze Contenu. Rechtsverbindlech ass dobäi ëmmer den engleschen Originaltext.