Zaang

Vu Wiktionnaire
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuergesch[änneren]

Eng Rauten-Zaang

Open book 01.svg Substantiv  f

Bedeitungen:[änneren]

1) Am Kaartespill, d'Kaart tëscht der Néngtgen an dem Bauer.

  • Ech hunn de Kinnek gespillt an hien huet d'Zaang opginn.

2) En Handwierksgeschir fir zouzepëtzen oder duerchzepëtzen

  • Huel d'Zaang fir de Rouer bäizedréinen.

3) An der Zammerei eng Konstruktioun am Daachstull.

  • En huet dräi Zaangen agebaut, soss wier den Daach aausernee gefall.

4) Am iwwerdroene Sënn eng domm Situatioun oder fir eppes zaangenähnleches duerzestellen.

  • En hat mech an der Zaang (Ech wousst net méi an nach aus).
  • Wat huet deen e Puer Zaangen (fir kräfteg Hänn).

Ofgeleete Begrëffer[änneren]

  • Déi verschidden Zorte vun Zaangen wéi z.B.: Houfzaang, Rouerzaang, Hoerzaang, Feierzaang, Drotzaang, Pëtzzaang, Zockerzaang etc. ...
  • Gezaangs: e Sortiment oder Sammlung vun Zaangen
    • De Schouster hat awer e Gezzangs do leien.