Stréihallem

Vu Wiktionnaire

Lëtzebuergesch[änneren]

Stréihällem

Substantiv m (pl: Stréihällem)

Aussprooch (IPA): [ʃtʀɜɪhˈɑləm]   Aussprooch (pl): [ʃtʀɜɪhˈɛləm]

Bedeitungen:

  1. En Hallem aus Stréi.
  2. E klengen huele Rouer, mat deem sech duerch Ënnerdrock (duerch d'Suckele vum Mond) eng Flëssegkeet aus engem Behälter (z. B. engem Glas oder enger Fläsch) drénke léisst. Stréihällem fir ze drénken, sinn hautdesdaags dacks aus Plastik, mä wéi hiren Numm et noleet, waren et fréier Hällem aus Stréi, déi dofir geholl goufen.
    • Wëlls de deng Cola mat engem Stréihallem?

Ausdréck:

  • E reeft all Stréihällem op. (En ass iwwerdriwwe genee)

Synonym:

2. Chalumeau


Artikel op Wikipedia  Stréihallem