Kaweechelchen
Vu Wiktionnaire
Lëtzebuergesch [änneren]
- Kaweechelcher sinn eng Famill aus der Uerdnung vun de Knabberdéieren.
Etymologie:
- Den Numm Kaweechelchen staamt vun "kau Eichelchen", en Déierchen, dat Eechele knat. An enger lëtzebuergescher Zeitung aus dem Joer 1883 heescht et: Kawêchelchen = kau Eichelchen = ein Thierchen, das Eicheln (Nüsse u. s. w.) kaut (knackt). [1]
Regional Synonymer:
- Koaaschlek (zu Iechternach)
Lautschrëft:
- Aussprooch:/ka'veːçəlçən/ (Eenzuel)
- Aussprooch:/ka'veːçəlçɐ̯/ (Méizuel)
Referenzen [änneren]
- ↑ Quell: Anonym, 1883. Das Luxemburger Land (Organ für vaterländische Geschichte, Kunst und Literatur), Fascicule 03: 36.