Kaffi
Vu Wiktionnaire
Lëtzebuergesch [änneren]
Substantiv m
pl: Kaffien
- Aussprooch:/'kɑfi/
Bemierkung:
- De Pluriel Kaffien gëtt nëmme fir d'Gedrénks verwennt.
Definitioun:
- (1) Kaffi ass e Gedrénks dat duerch d'Infusioun vu Kaffisbounen entsteet. Heiansdo gëtt Zocker oder Mëllech dragemaach fir de Geschmaach ze verbesseren.
- (2) Kaffi bedeit awer och d'"Mueresiessen" oder de "Mëtteskaffi". (fr:goûter)
- (3) Kaffi ass d'Ofkierzung vu Kaffispudder.
- (4) Kaffi ass d'Ofkierzung vu Kaffisboun.
- (5) Kaffi ass d'Ofkierzung vun der Kaffisplanz.
Synonymer:
- (2) Muereskaffi, Mueresiessen
- (3) Kaffispudder
- (4) Kaffisboun
|