wëllen
Ausgesinn
Wuerttrennung:
wël-len
Bedeitung:
- eppes vun engem verlaangen
- sech eppes wënschen (nëmmen am Conditionel)
- am Sënn vun an de Besëtz kommen
Bsp:
- [1] De Staat wëll, datt mir méi Steier bezuelen
- [2] Déi al Fra wéilt, de Wanter wier eriwwer
- [3] Meng Fra wëll en Auto mat engem oppenen Daach
Bedeitung:
- net méi matmaachen, net méi funktionéieren
Bsp:
- hie géif nach gär goen awer seng Gelenker wëllen net méi sou richteg.
- den alen Auto wëll net méi sou richteg
Bedeitung:
- d'Absicht oder de Wonsch hunn, fir eppes ze maachen
- virginn eppes ze sinn
Bsp:
- [1] Ech wëll goen.
- [2] Hie wëll nees de grousse Mecanicien spillen