daachen

Vu Wiktionnaire
(Virugeleet vu(n) entdaachen)

Lëtzebuergesch[änneren]

1. P. Sg. * 2. P. Sg. 3. P. Sg. 2. P. Pl. Participe passé
daachen daachs daacht daacht gedaacht
* steet fir déi 1. P. am Singulier a fir déi éischt an drëtt P. am Pluriel
** Gëtt mat dem Hëllefsverb hunn konjugéiert.

Verb (r)-(intrans.)

  1. Fir eppes ze gebrauche sinn.
    • Et daacht alt dat. (et ass alt gutt dofir)
    • En daacht net vill. (et ass net vill mat em lass, e kann net vill)
    • Déi Iddi daacht näischt. (dat ass keng gutt Iddi)

Riedensaarten:

  • En daacht am Häerz näischt.
  • Dat daacht dem Hond am Aasch näischt.
  • Dat näischt daacht, ass geschenkt ze deier.
  • Wat näischt kascht, dat daacht näischt.

Synonymmer:

  1. entdaachen