Wiktionnaire:Babel

Vu Wiktionnaire
Den Tuerm vu Babel, gemoolt vum Pieter Bruegel dem Eelsten (1563)

De Babel-Projet um Wiktionary erméiglecht et de Mataarbechter vum Wiktionnaire, op hirer Benotzersäit mat Hëllef vu klenge Schablounen unzeginn, wat fir eng Sprooche se kënnen, a wéi gutt se se beherrschen.

Dës Iddi fir dem Sproochechaos Meeschter ze ginn (et huet jo kee Wäert engem Benotzer e Message ze schreiwen an enger Sprooch déi e guer net kann) ass als éischt op de Wikimedia Commons opkomm, an duerno vun der Meta-Wiki an nach méi spéit vun deenen eenzelne Wikipediaen iwwerholl ginn.

{{{letter code}}}
{{{text}}}

Hei lénks gesitt der e Schema wéi eng Sproochekëscht vum Babel-Projet ausgesäit. De "letter code" steet fir d'Sprooch déi ee kann, an den "text" seet wéi gutt een déi Sprooch beherrscht.

Et kann een där Sproochekëschten och zu e puer ënnertenee setzen. Am Beschte gebraucht een d'Schabloun nom Genre {{Babel-x|y}}. "x" ass eng Zuel déi ugëtt wéivill Sproochen ee beherrscht an "y" (respektiv "y1", "y2", etc., wann ee méi wéi eng Sprooch kann) ass de Sproochecode mam Kenntnesniveau. E klengt Beispill: {{Babel-4|pl|en-3|de-2|lb-0}}.

Wann der wëllt wëssen, ween op dëser Wiki wéi eng Sprooche kann, da klickt hei.