Schabloun:Moien

Vu Wiktionnaire
Moien Moien,

wëllkomm um Wiktionnaire op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi um Wiktionnaire! Mir schaffen hei zesummen dorunner, e fräi zougänglechen, gratis, neutralen a méiglechst ausféierlechen Dictionnaire op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: Sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!


Dës Säit hei ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet esou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (esou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".

Et ass och erwënscht datt Dir op Ärer Benotzersäit d'Babelinformatiounen asetzt fir datt aner Benotzer wëssen a wat fir enger Sprooch si mat Iech korrespondéiere kënnen.
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!