Op den Inhalt sprangen

Prepositioun

Vu Wiktionnaire

Eng Prepositioun oder Verhältneswuert gëtt gebraucht fir eng Plaz, e Moment, d'Aart a Weis, d'Konditioune vun enger Aktioun oder vun enger Situatioun, déi vun engem Verb ausgedréckt ginn, unzeginn.

Eng Prepositiounsgrupp gëtt vun enger Preposition zesumme mat enger Nummgrupp gebilt (Ng.)

Bsp.:

  • Si schwätzt mat (Prep.) hirem Mann (Ng.)

Hannert enger Prepositioun kann awer och e Pronomen oder en Adverb stoen.
Beispiller:

  • Dir schwätzt iwwer (Prep.) si. (Pronomen)
  • Si luussen no (Prep.) hannen. (Adverb)

Déi verschidde Prepositiounen

[änneren]

D'Prepositioune kënnen an dräi Gruppen agedeelt ginn:

  • Déi, déi ëmmer en Akkusativ mat sech bréngen. Dat sinn: fir, duerch, ouni, géint, ëm, bis, laanscht.
  • Déi, déi ëmmer en Dativ mat sech bréngen. Dat sinn: aus, mat, zënter, vun, zu, wéinst, bannent, trotz, virun (zäitlech).
  • Déi, déi kënne sief et en Dativ oder en Akkusativ mat sech bréngen. Dat sinn: an, op, un, iwwert, ënnert, hannert, tëschent, niewent, widdert, bei, baussent.
Déi Prépositioune generéieren en Akkusativ wann s'eng Richtung, oder en Deplacement uginn.
Se generéieren en Dativ wann s'eng Situatioun oder eng Plaz uginn.
PrepositiounDeplacement a Richtung
Akkusativ
Situatioun a Plaz
Dativ
anSi geet an de StallDir schafft an der Zär
opEch stelle mech op d'KoppEch spillen op der Strooss
unEch hänken de Raf un d'MauerD'Schëld hänkt un der Mauer
iwwer(t)De Fliger flitt iwwer d'MierD'Kräiz hänkt iwwer der Dier
ënner(t)D'Kaz schlauft ënner d'BettD'Kaz schléift ënner dem Bett
virun / vrunDe Jemp geet virun d'DierHi kiert virun der Dier
hanner(t)D'Maus leeft ënner de SchafSi sëtzt elo ënner dem Schaf
tëschen(t) / tëschtEch leeën d'Brout tëschen d'BréidercherDen Haff läit tëscht den Dierfer
niewen(t) / nieftDe Gäertner stellt de Spuet nieft d'SchëppE steet gewéinlech nieft dem Reech
widder(t)Hie leeft mam Kapp widder de BamDuerno steet e widder dem Bam
beiEch gi bei de BäckerEch kafe Bréidercher beim Bäcker
baussen(t)Si geet baussent d'HausSi ass baussent dem Haus

Verschidde Prepositiounen hanner deenen e bestëmmten Artikel am Dativ kënnt, kënnen eng Kontraktioun am Masculin an Neutre, allkéiers an der Eenzuel hunn.

mat + dem = maman + dem = am
no + dem = nomop + dem = um
vun + dem = vumun + dem = um
zu + dem = zumvrun + dem = vrum
ënner(t) + dem = ënnerembei + dem = beim
iwwer(t) + dem = iwwremwidder(t) + dem = widderem
hanner(t) + dem = hanneremvirun + dem =virum

D'Prepositioun zu gefollegt vum bestëmmten Artikel am Feminin an der Eenzuel kritt déi kontraktéiert Form zur.

  • Komm zur Saach!
  • Zur Zäit vun der franséischer Revolutioun.