MediaWiki:Captchahelp-text

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wiktionnaire

Websäiten, déi et jiddwerengem erlaben Ännerungen ze maachen, sou wéi op dëser Wiki, ginn dacks vu sougenannte Spammer mëssbraucht, déi automatiséiert hir Linken op vill Internetsäite setzen. Sou Spam-Linke kënne wuel geläscht ginn, mä se sinn trotzdeem eng grouss Plo.

Heiansdo, besonnesch wann nei Internet-Linken op eng Säit derbäigesat ginn, weist dës Wiki Iech e Bild mat faarwegem oder verzerrtem Text a freet Iech fir déi gewise Wierder anzetippen. Well dat eng Aufgab ass déi schwéier z'automatiséieren ass, erlaabt se, datt Mënschen hir Ännerunge kënnen agi wärend déi meescht Spammer an aner Roboter-Attacke kënnen ofgewiert ginn.

Leider kann dat zu Schwieregkeete féiere fir Persounen déi net sou gutt gesinn oder déi text-baséiert oder sprooch-baséiert Browser benotzen. Zu dësem Zäitpunkt hu mir leider keng Audio-Alternativ zu eiser Verfügung. Kontaktéiert wgl. een Administrateur fir Hëllef wann dat iech onerwaarter Weis vu legitimmen Ännerungen ofhält.

Dréckt op den 'Zréck' Knäppche vun Ärem Browser fir an d'Beaarbechtungsfënster zréckzekommen.