Prepositioun
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Hëllef:Prepositioun)
Eng Prepositioun oder Verhältneswuert gëtt gebraucht fir eng Plaz, e Moment, d'Aart a Weis, d'Konditioune vun enger Aktioun oder vun enger Situatioun, déi vun engem Verb ausgedréckt ginn, unzeginn.
Eng Prepositiounsgrupp gëtt vun enger Preposition zesumme mat enger Nummgrupp gebilt (Ng.)
Bsp.:
- Si schwätzt mat (Prep.) hirem Mann (Ng.)
Hannert enger Prepositioun kann awer och e Pronomen oder en Adverb stoen.
Beispiller:
- Dir schwätzt iwwer (Prep.) si. (Pronomen)
- Si luussen no (Prep.) hannen. (Adverb)
Déi verschidde Prepositiounen
[änneren]D'Prepositioune kënnen an dräi Gruppen agedeelt ginn:
- Déi, déi ëmmer en Akkusativ mat sech bréngen. Dat sinn: fir, duerch, ouni, géint, ëm, bis, laanscht.
- Déi, déi ëmmer en Dativ mat sech bréngen. Dat sinn: aus, mat, zënter, vun, zu, wéinst, bannent, trotz, virun (zäitlech).
- Déi, déi kënne sief et en Dativ oder en Akkusativ mat sech bréngen. Dat sinn: an, op, un, iwwert, ënnert, hannert, tëschent, niewent, widdert, bei, baussent.
- Déi Prépositioune generéieren en Akkusativ wann s'eng Richtung, oder en Deplacement uginn.
- Se generéieren en Dativ wann s'eng Situatioun oder eng Plaz uginn.
Prepositioun | Deplacement a Richtung Akkusativ |
Situatioun a Plaz Dativ |
---|---|---|
an | Si geet an de Stall | Dir schafft an der Zär |
op | Ech stelle mech op d'Kopp | Ech spillen op der Strooss |
un | Ech hänken de Raf un d'Mauer | D'Schëld hänkt un der Mauer |
iwwer(t) | De Fliger flitt iwwer d'Mier | D'Kräiz hänkt iwwer der Dier |
ënner(t) | D'Kaz schlauft ënner d'Bett | D'Kaz schléift ënner dem Bett |
virun / vrun | De Jemp geet virun d'Dier | Hi kiert virun der Dier |
hanner(t) | D'Maus leeft ënner de Schaf | Si sëtzt elo ënner dem Schaf |
tëschen(t) / tëscht | Ech leeën d'Brout tëschen d'Bréidercher | Den Haff läit tëscht den Dierfer |
niewen(t) / nieft | De Gäertner stellt de Spuet nieft d'Schëpp | E steet gewéinlech nieft dem Reech |
widder(t) | Hie leeft mam Kapp widder de Bam | Duerno steet e widder dem Bam |
bei | Ech gi bei de Bäcker | Ech kafe Bréidercher beim Bäcker |
baussen(t) | Si geet baussent d'Haus | Si ass baussent dem Haus |
Verschidde Prepositiounen hanner deenen e bestëmmten Artikel am Dativ kënnt, kënnen eng Kontraktioun am Masculin an Neutre, allkéiers an der Eenzuel hunn.
mat + dem = mam | an + dem = am |
no + dem = nom | op + dem = um |
vun + dem = vum | un + dem = um |
zu + dem = zum | vrun + dem = vrum |
ënner(t) + dem = ënnerem | bei + dem = beim |
iwwer(t) + dem = iwwrem | widder(t) + dem = widderem |
hanner(t) + dem = hannerem | virun + dem =virum |
D'Prepositioun zu gefollegt vum bestëmmten Artikel am Feminin an der Eenzuel kritt déi kontraktéiert Form zur.
- Komm zur Saach!
- Zur Zäit vun der franséischer Revolutioun.