Hëllef:Benotze vun der Formatvirlag

Vu Wiktionnaire
« [[Hëllef:{{{viregt Säit}}}|{{{viregt Säit}}}]] Wiktionnaire - Handbuch Flexiounstabellen »


Fir d'alleréischt eng Fro, déi besonnesch an engem Wiki méi wéi berechtegt ass: Formatvirlag - muss dat sinn? Op der genannter Säit fënns du Ureegungen, déi et dir erlabe sollen, op dës Fro eng perséinlech Äntwert ze fannen!


Schéin, datt s du weiderlies! Well nëmmen duerch en eenheetlecht Ausgesi kann een sech an engem Dictionnaire erëmfannen. Ausserdeem gëtt et och Virlagen, déi nëmmen op en Deel vun den Anträg passen. Punkte fir déi s de keng Angabe wëlls oder kanns ginn, kanns du einfach lénks leie loossen. ;-) Dës Gebrauchsanweisung kann iwwregens zu all Zäit nees opgeruff ginn, an zwar duerch e Link deen ënner all Ännerungsfënster steet.

Elo awer zum Benotze vun der Formatvirlag. Den éischte Punkt ass déi méiglechst einfach Afügung vun der Virlag an d'Ännerungsfënster:

Ausfëlle vun der Virlag[änneren]

  • Zur Kennzeechnung, op wéi enge Plazen du däi Contenu an déi eidel Virlag asetze kanns, stinn op verschiddene Plaze sougenannt "Placeholder", Plazhaler, wéi „Wuert“, „Wierder“, „vum Wuert“, asw., oder och „xxx“. Op Plaze wou et méi liicht ze erkennen ass, wou de Contenu hi soll, gouf op dës "Placeholder" verzicht.
  • Meeschtens huet ee Wuert net nëmmen eng Bedeitung mee e ganzt Spektrum. Dës Bedeitunge ginn ënnerdeneen opgelëscht a mat eckege Klameren ([1], [2], asw.) duerchnummeréiert.
  • Dës Nummeren déngen derzou, all weider Angaben der jeeweileger Bedeitung zouzeuerdnen
  • Eng Angab kann sech och op méi Bedeitunge bezéien ([1,4] - wa se sech op d'Bedeitungsangaben [1] a [4] bezitt) D'Bedeitungszouuerdung muss mat grousser Suergfalt gemaach ginn, well sech ongewollt Feeler do séier aschläichen, mä schwéier ze fanne sinn. Dofir gëllt déi wikiontypesch Fauschtregel, d'Zouuerdnung am Zweifelsfall léiwer mol opzeloossen („[]“, „[?]“) oder als onsécher ze kennzeechnen („[1?]“) amplaz eng falsch Zouuerdnung anzedroen!
  • Doriwwereraus gëtt et an der Virlag divers Kommentarer. Déi sinn tëscht (<!-- Kommentarklameren -->) gesat a ginn am fäerdegen Artikel net ugewisen, mä déngen als Hiweis, dee genee gelies gi soll!
  • D'Virlag huet schon eng Standarttabell fir d'Deklinatioun vun de Substantiven. Fir ander Wierder oder méi speziell Flexiounsformen gëtt et op der Säit Flexiounstabelle weider Tabelleschablounen, déi no Bedarf kënnen agesat ginn.
  • Wéi d'Resultat ausgesäit, kanns du bei dëse Beispiller nokucken.

Bedeitung vun den eenzelne Rubriken[änneren]

Déi eenzel Angaben zu engem Wuert ginn an ënnerschiddlech Rubriken zortéiert. D'Formatvirlag enthält Virgaben zu den heefegste Rubricken. Net all gi fir all Wierderbuchantrag benotzt, an sou kënne se deelweis geläscht ginn.

Déi folgend Oplëschtung weist Iech, der Rei no, fir wéi eng Angaben déi jeeweileg Rubrik virgesinn ass:

{{Kuckt och}}

  • Dës Schabloun verlinkt op ähnlech Artikelen, besonnesch déi, déi nëmmen a Kapitaliséierung, diakritesch Zeechen oder Interpunktioun ënnerscheeden.


=={{=xx=}}==

  • Hei wgl. de Sprochecode also ggf. „lb“ entspriechend ersetzen.


=== {{Wuertart|Substantiv}} {{Genus}} ===

  • Hei gëtt d'Wuertart uginn, „Substantiv“ wgl. ggf. duerch „Adjektiv“, „Adverb“, „Verb“,... ersetzen.
  • Hannert der Wuertart gëtt de Genus genannt. „{{Genus}}“ wgl. passend ersetze mat „{{m}}“, „{{f}}“, „{{n}}“,...
  • D'Benotze vun den international gebräichlechen Ofkierzunge fir Masculinum (männlech), Femininum (weiblech), Neutrum (sächlech) huet de Virdeel, datt friemsproocheg Benotzer d'Agab net nëmme besser verstinn, mä och bei Anträg aus hirer eegener Sprooch de Genus selwer kënnen aginn!)


{{Wuerttrennung}}

  • Ugaben zur Silbentrennung - Asetze vum Trennungszeechen am beschten duerch e Klick op de Link „Trennungspunkt“ (ze fannen ënnert der Ännerungsfënster)


Aussprooch[änneren]

{{Aussprooch|xxx}}

  • Am Wiktionnaire gëtt als Lautschrëft virrangeg IPA benotzt. Am Fall wou eng aner Lautschrëft sollt affichéiert ginn, soll déi entspriechend Schabloun ënnert der IPA-Lautschrëft stoen.
  • Déi dräi xxx sollen duerch d'Aussprooch ersat ginn.


Audio[änneren]

[[Fichier:Lb-xxx.ogg]]<!--De Lauschtert erausgeholl well sou bréngt en näischt-->
  • Am Wiktionnaire ginn d'Audiosfichieren ënnert der Aussprooch affichéiert.
  • Déi dräi xxx sollen duerch d'Wuert remplacéiert ginn.



{{Bedeitung}}

  • Wann d'Wuert awer méi wéi eng Bedeitung huet da gëtt vir # amplaz vum Stärche benotzt.
  • Natierlech soll d'Bedeitung méiglechst kuerz gefaasst ginn.


{{Etymologie}}

  • Hei wgl. d'Etymologie, also wou d'Wuert hierkënnt, uginn.


{{Synonymmer}}

  • Hei wgl. d'Synonymmer, also Wierder mat der selwelchter Bedeitung, aginn.


{{Géigendeeler}}

  • Hei wgl. Wierder aginn, déi de Géigendeel bedeiten.


{{Iwwerbegrëffer}}


{{Ënnerbegrëffer}}


{{Beispiller}}

  • Hei gi Beispillsätz higeschriwwen, fir d'Wuert z'illustréieren.
    [1] Beispillsaz zu der éischter Wuertbedeitung
    [..] etc.


{{Ofgeleet Begrëffer}}

  • Beim Antrag "Wuert" géif hei z.B. stoen: Wierderbuch.
{{Referenzen}}
:[1] Wikipedia-Artikel [[:w:Wuert|Wuert]]
  • Hei kann ee Referenzen zum Wuert uginn.



« [[Hëllef:{{{viregt Säit}}}|{{{viregt Säit}}}]] Wiktionnaire - Handbuch Flexiounstabellen »