Geschicht vun der Lëtzebuerger Schreifweis

Vu Wiktionnaire

An dësem Artikel geet et ëm d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Schreifweis.

Mat deenen éischte Publikatiouen op Lëtzebuergesch huet sech vum selwen d'Fro vun der Orthographie vum Lëtzebuergesche gestallt.

Schonn den Antoine Meyer, deen als éischte Lëtzebuerger Literat gëllt, hat am "Virwuurt"[1] vu sengem 1829 publizéierten E’ Schrek op de’ Lezeburger Parnassus erkläert, wéi d'Lëtzebuergescht ze schreiwe wier. Genee wéi hien hu sech spéiderhin den Dicks, de Michel Lentz an de Michel Rodange hir perséinlech Orthographie op Mooss geschneidert. Dobäi ass besonnesch den Dicks mat sengem Versuch über die Orthographie der luxemburger deutschen Mundart z'ernimmen[2].

Orthographie vum Wörterbuch der luxemburgischen Mundart (1906)[änneren]

D'Kommissioun, déi d'Wörterbuch der luxemburgischen Mundart zesummegestallt huet, war sech deem Manktem bewosst an huet eng eegen Orthographie ausgeschafft, déi, sou ass tëscht den Zeile vum Virwuert erauszeliesen, mat vill Krämpes entstanen ass. Se gëtt am selwechte Virwuert explizéiert.

Charakteristesch ass ë. a., datt bei den Diphthongen den zweete Laut méi kleng an no uewe versat geschriwwe gëtt (Kou, speit, liewen, lues) an de "sch" als "š" transkribéiert gëtt. Laang Vokaler gi mam Circonflexe markéiert (lâfen, môlen).

Orthographie Welter-Engelmann (1910)[änneren]

Den Nikolaus Welter a René Engelmann hunn 1910 eng weider, vereinfacht, Rechtschreiwung zesummegestallt. An der Sproochefuerschung ass si ënnert der Bezeechnung Orthographie Welter-Engelmann bekannt. Si huet am Bichelchen Das Luxemburgische und sein Schrifttum vum Nikolas Welter eng dräi an eng hallef DIN A5-Säite ageholl[3]. Do fanne mer och diakritesch Zeeche rëm, déi mer vun Dicks-Lentz-Rodange hier kennen, wéi z. B. den Hittchen oder den Apostroph: Dûscht, Zâng, Le’w, wo’er.

Mä dës Schreifweis behandelt scho genee den -e- respektiv den -ee-, anescht wéi déi aner Vokalen -i-, -u-, -o- an -a-.

  • Ben awer hêschen (haut: Been, heeschen), mä frech, frësch, Fräsch (wéi haut).

OLO - Offiziell Lëtzebuerger Orthographie (1946)[änneren]

An engem verständlechen Iwwerschwang vun Nationalismus gouf nom Zweete Weltkrich duerch en Arrêté Ministériel vum 5. Juni 1946 eng nei Orthographie ënnert dem Kierzel OLO propagéiert. OLO steet fir Offiziell Lëtzebuerger Orthographie, an hir geeschteg Päpp waren den deemolegen Erzéiungsminister Nicolas Margue an de Professer Jean Feltes.

Dës Schreifweis op reng phoneetescher Basis (lezebuejer shreftshproogh, èèshteméch, metvogh, samshdéch, désharsh, mèrssi) huet bei de Lëtzebuerger, déi trotz allem Haass op d'Preise stéits a stänneg dat an der Schoul geléierten däitscht Wuertbild viru sech haten, keng Akzeptanz fonnt an ass haut vergiess.

Orthographie vun der Dictionnaireskommissioun (1935-1975)[änneren]

Am Kader vun der Section de linguistique de folklore et de toponymie vum Institut grand-ducal gouf 1935 eng Dictionnaireskommissioun ernannt, déi ënnert dem Professer Joseph Tockert vun 1935 bis 1939 d'Viraarbechte fir d'Luxemburger Wörterbuch geleescht huet, déi duerch den Amarsch vun Nazi-Däitschland ënnerbrach goufen. D'Kommissioun ass 1948 nei operstanen a gouf nom Doud vun hirem President, dem Joseph Tockert, den 19. Februar 1950, vun der Hélène Palgen weidergefouert a presidéiert.

Vun 1948 u louch d'Sekretariat an den Hänn vum Professer Robert Bruch. Seng jorelaang Fuerschongsaarbecht gouf 1955 vun der Sprooch-Sektioun vum Institut grand-ducal ënnert dem Titel Précis de Grammaire Luxembourgeoise publizéiert. Si huet duerno d'Fëllement fir déi zwanzegjäreg Aarbecht vun der Dictionnaireskommissioun duergestallt a war och d'Basis fir den Arrêté ministériel vum 10. Oktober 1975[4], deen d'Schreifweis vun der Lëtzebuerger Sprooch - op der Basis vun der däitscher Rechtschreiwung - festgeluecht huet. Dat huet nom ominéisen OLO-Experiment ageliicht a gëllt och haut nach; also och fir déi nei däitsch Orthographie, souwäit se zu Lëtzebuerg gebraucht gëtt.

Orthographie-Reform vun 1999[änneren]

An der Reform duerch dat groussherzoglecht Reglement vum 30. Juli 1999[5] goufen e puer Detailer an der Orthographie vum Robert Bruch geännert. Virun allem goung et drëms, all deem Rechnung ze droen, wat sech haut als Ufuederung un d'Lëtzebuergescht riicht; eng Sprooch, déi jo bekanntlecherweis ëmmer méi an däitsch, franséisch, englesch an aner Wuertschätz glanne geet.

Verschidde Sproochwëssenschaftler sinn der Meenung, datt och mat deer leschter Reform dee leschte Verbotz un der lëtzebuergescher Schreifweis nach net gemaach ginn ass.

Déi wichtegst Ännerungen:

  • Den "ee" ënnerscheet sech vum "e" doduerch, datt en an de lëtzebuergesche Wierder ëmmer "ee" geschriwwe gëtt, och wann hannendrun nëmmen ee Konsonant kënnt.
Leeder, Keelen
  • Den "é" an den "ë" ginn nëmme méi a betountene Silbe mat hiren diakriteschen Zeeche geschriwwen:
Sprénkeng, Rëmeleng
Bei den Ausnamen ouni diakritesch Zeeche koume bäi:
meng, deng, seng an net
  • D’Duebelschreiwung vun de Vokalen an Ëmlauter virun engem "r" gëtt ersat duerch den einfache Vokal oder Ëmlaut a Kombinatioun mam Rëtschvokal "e"
Kierch, Tuerm, Päerd
  • a) De Rëtschvokal "e" kritt nëmme méi en Trema wann e virun oder hannert engem aneren "e" steet:
Joer, Suen, Aen     awer: leeën, Jeeër, agëengt, gëeegent
b) De Rëtschvokal gëtt a Wierder mat "i" oder "u" virum "r" nëmme geschriwwen, wann de Vokal virdrun net identesch mam Vokal am däitsche Wuert ass:
dir/Dier; mir/Mier, Bir/Bier, Bur/Buer;     Ausnamen: fir/vir
c) Den däitsche laangen "ie" virun "r" gëtt ëmmer bäibehalen:
Regierung, Nieren, Schmier
  • De kuerzen däitschen "ö" gëtt ouni Ausnam "ë" geschriwwen (dat ass eigentlech net nei):
ëffentlech, ëstlech, fërmlech, nërdlech
  • De laangen däitschen "ö" gëtt awer bäibehalen:
blöd, Föhn, Ökonomie
  • Den donklen oder franséische "j", deen duerch d’Schreifweis "jh" markéiert war, gëtt einfach "j" geschriwwen:
Jumm, jicken, Jemp
  • Den dueble Konsonant no kuerzem Vokal am Wuertstamm bleift erhalen, och wann en drëtte Konsonant derbäikënnt:
gëllen/et gëllt; Allerhellegen/Allerhellgen
  • Verben
    • a) D’Verbe konjugéiere sech nom lëtzebuergeschen an net nom däitschen Infinitiv:
finden/fannen - du fënns; fallen/falen - du fäls;
  • b) D’Verben: sinn, hunn, ginn, goen, stoen an doen, ginn net méi als Ausnam behandelt, mä schreiwe sech wéi all déi aner Verben no der allgemenger Reegel "an enger betountener Silb steet en dueble Konsonant no kuerzem Vokal":
ech sinn, du bass, hien ass, ech hunn, dir hutt, dir gitt, gëff ... asw.;
  • c) Stëmmlos Konsonante ginn ëmmer an der staarker Versioun geschriwwen, egal wat fir e Konsonant an der Wuertwuerzel steet (anescht wéi déi allgemeng Reegel).
  • w/f: schreiwen, schreift;
  • d/t: bieden/biet;
Also: Buedzëmmer, awer: buet dech, buet iech.
  • Bei den zesummegesatene Wierder, esouguer bäi deene mat engem Iwwerganks "s", gëtt de laange Vokal net verduebelt:
Alstad, Urgrousspapp, ofhängeg, kalbliddeg
Schofspelz, Kathedralstierm, Konveniatsiessen
  • Franséisch Wierder
  • Den "^" op de Vokale virun engem Nasal-Konsonant gëtt ofgeschaaft:
Camion, Timber, Member
  • De lëtzebuergesche Pluriel "en" + "er" gëtt am Prinzip ugehaangen nodeems de franséische Pluriel "s", "e", "x" wechgelooss ginn ass:
Bijouen, Camionen
Den Endungs- "s" am Singular bleift erhalen:
Coursen, Abusen, Jusen
  • Franséisch Wierder mat stommem Endungs- "e" kréien am Fall vun der Eifeler-Reegel en "ë":
D’Corbeillë fëllen; Chancëgläichheet
  • De Pluriel vun den zesummegesatene Substantiven: Dat éischt Wuert grouss; Trait d’unionen tëschent de Wierder; dat lescht Wuert kritt de lëtzebuergesche Pluriel:
Chargé-de-coursen; Point-de-vuen, Procès-verbalen

Aktualiséierungen an der Orthographie vun 2019[änneren]

Am November 2019 huet den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch e Kompendium mat alle Reegelen erausbruecht, an deem och ewell d'Onkloerheete gereegelt sinn, déi bis dohi bestanen hunn[6]Schabloun:,[7]. E méi kompakt Dokument weist just déi zentral Aktualiséierungen, déi mam completéierte Reegelwierk vum 15. November 2019 a Kraaft getruede sinn. Et huet den Zweck, datt ee sech séier en Iwwerbléck verschafe kann, wéi de Wuertlaut vun deenen neie Reegelen ass, wéi eng Wierder adaptéiert a wéi eng Reegele completéiert goufen[8].

Allgemeng Iwwerleeungen zur Orthographie[änneren]

Koinè vs. Dialektvarianten[änneren]

De Robert Bruch huet fréi agesinn, datt als Schrëftsprooch nëmmen eng Héichsprooch a Fro kéim; eng sougenannt Allgemeng Lëtzebuerger Ëmgankssprooch, eng Koinè, wéi hien se no dem griichesche Wuert koinos fir gemeinsam gedeeft huet (bei de Griiche war d'Koinè eng gemeinsam Sprooch, déi sech ëm 400 viru Christus am ganze Mëttelmierraum bis an den noen Osten ausgebreet hat). Fir de Robert Bruch war et d’Lëtzebuerger Sprooch tëscht Dummeldeng a Miersch, also den Uelzechtdall erop, déi sech am beschten derfir gëeegent huet, als Standard-, als allgemeng Ëmgankssprooch ze gëllen, an op deer eng Schreifweis opzebauen.

Dat heescht net, datt d'Dialekter vum Lëtzebuergeschen mat der Bruch-Orthographie net ze schreiwe wieren, mä den Ënnerscheed tëscht der Koinè an den Ënnermondaarten ass duerch si méi däitlech gezeechent ginn, wat besonnesch fir d'Schrëftsprooch an och fir d'Literatur op Lëtzebuergesch e Virdeel ass.

Noutwennegkeet vun enger Orthographie[änneren]

Dat bréngt eis och zur prinzipieller Fro vun der Noutwennegkeet vun enger Orthographie fir d'Lëtzebuergescht; d'Fro ass jo ëmmer erëm gestallt ginn, d'Äntwert liicht awer och ëmmer méi an.

1984 wéi d'Chamber d'Lëtzebuergescht zu enger offizieller Sprooch gemaach huet, do gouf "A" gesot; zu "A" gehéiert "B", an dat ass d'Orthographie an eng reegelrecht Grammatik, iwwert déi herno nach e Wuert verluer gëtt.

An dësem Kontext soll een och net aus den Ae verléieren, datt déi Lëtzebuerger Sprooch wuel eng kleng, an eisem eegene Land awer beileiwe keng Minoritéitesprooch ass. Et ass nach net sou laang hier, datt och de Premier richteg gesot huet, d'Integratioun vun eisen auslännesche Matbierger géif iwwert d'Lëtzebuerger Sprooch geschéien an net iwwert eng aner.

Doriwwer raus brauch net méi bewisen ze ginn, datt eng Sprooch mat enger fixer Orthographie net nëmme méi liicht ze schreiwen ass, also léiwer geschriwwe gëtt. De Wuertschaz bleift och quantitativ méi konstant, an d'Wierder änneren hiert Gesiicht net all puer Joerzéngten, eppes wat bei eis jo net nëmmen zu eise sëllege Mondaarten, mä och zu Dosende vu regionalen a lokale Wuertvariétéite gefouert huet (z. B.: gedoen, gedon, gedongen, gedinn, gedunn; gemaacht, gemaach, gemat, gemeet).

Onnéideg derbäi ze soen, datt déi literaresch Kreatioun bei enger fester Orthographie Virdeeler huet, woubäi awer ze betounen ass, datt eng Ënnermondaart mat an deerselwechter Orthographie ze schreiwe si muss, wann een dat wëllt maachen.

Bleift nach ze soen, datt et zanter 2006 e Spellchecker gëtt, deen ënnert enger fräier Lizenz steet an dorop ausgeluecht ass, mat de gängegen Open-Source-Programmer ze fonctionéieren (OpenOffice, Mozilla Thunderbird, asw.). Dësen Utilitär ënnert dem Numm www.spellchecker.lu gëtt reegelméisseg weiderentwéckelt[9].

Et ass lo hei net de Kader, fir d'Orthographie vum Robert Bruch des Laangen an des Breeden duerzeleeën; méi sënnvoll schéngt et, fir:

  • kuerz an Erënnerong ze ruffen, wat 1999 geännert gouf,
  • z’ernimmen, ob et iwwert dës Reform raus nach ongeléist Problemer gëtt, an
  • wou mer mat deenen neie Supporten am Intressi vun der aktueller, d.h. reforméierter, Orthographie dru sinn.

Literatur[änneren]


Referenzen[änneren]

  1. Cf. d'Virwert am Original op land.lu. Den Antoine Meyer huet 25 Joer méi spéid säi "Règelbüchelchen vum Lezeburger Orthoegraf" erausbruecht (Cf. Meyer 1854 an der Literatur).
  2. Cf. La Fontaine 1855 an der Literatur.
  3. Dëst Buch fir Primärschoulen ass net manner ewéi 14 mol tëschent 1914 (139 S.) an 1949 (189 S.) opgeluegt ginn.
  4. Cf. Arrêté ministériel du 10 0ctobre 1975 portant réforme du système officiel d’orthographe luxembourgeoise. Mémorial B n°68: 1366–1390, 16 novembre 1976.
  5. Cf. Règlement grand-ducal du 30 juillet 1999 portant réforme du système officiel d'orthographe luxembourgeoise Mémorial A n° 112: 2040-2048, 11.08.1999.
  6. Lëtzebuerger Orthografie vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
  7. Lëtzebuergesch richteg schreiwen op wortl.lu vum 21.11.2019 an am Luxemburger Wort vum 21.11.2019 an der Bäilag Die Warte, S. 4-12
  8. Schabloun:Citation
  9. Tëschent 2000 an 2002 gouf en éischte Spellchecker fir d'Lëtzebuergescht ënnert dem Numm Cortina entwéckelt. Dee Projet gouf deemools allgemeng begréisst, awer och vereenzelt kritiséiert, well keng dialektal Varianten am Thesaurus virkomm sinn. Mam Projet Cortina gouf 2002 opgehalen.

Kuckt och[änneren]

Um Spaweck[änneren]