Diskussioun:hemmssen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wiktionnaire

Ech gleewen net, datt d'Konjugatioun oder där hir Orthographie, déi hei uginn ass, korrekt ass. En S, dee mat zum Stamm vun engem Wuert gehéiert, gëtt net fortgestrach. Mer schreiwen jo och bäim Verb "loossen" nëmmen "hie léisst" a net "hie léist". Hei an deem Fall ass e Konsonant dovir, awer dat dierft menges Wëssens keen Ënnerscheed maachen.

Moien,
Conjugaisoun entsprécht där wéi d'Verbebichi (erausgi vum Ministère de l'éducation nationale) se op der Säit 136 ugëtt. --109.134.1.177 12:52, 26. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]
Gutt, dann hunn ech näischt gesot. Pardon! Ech mengen awer, datt grad dës iwwerflësseg Komplikatiounen d'Lëtzebuerger Orthographie schwéier maachen. Wann een sech nëmmen un dat Allgemengt géif halen, wier et just hallef esou schlëmm: "En S, dee mat zum Stamm gehéiert, bleift." Ponkt. Awer et musse jo Exceptiounen do sinn. Soss wier et jo laangweileg :-) Wivill Verbe ginn et da mat Konsonant + -ss? Bal keng! An dofir ass eng Exceptioun vun der Reegel néideg... Jojo dann, ech hale mech drun!