Hëllef:Benotze vun der Formatvirlag

Vu Wiktionary

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
« Formatvirlag - muss daat sinn? Wiktionnaire - Handbuch Flexiounstabellen »


Fir d'alleréischt eng Fro, déi besonnesch an engem Wiki méi wéi berechtegt ass: Formatvirlag - muss daat sinn? Op der genannter Säit fënns du Ureegungen, déi et dir erlabe sollen, op dës Fro eng perséinlech Äntwert ze fannen!


Schéin, wanns du elo hei weiderlies! Well nëmmen duerch en eenheetlecht Ausgesi kann een sech an engem Wierderbuch erëmfannen. Ausserdem ginn et och Virlagen, déi nëmme bei en Deel vun den Anträg passen. Punkten zu deenens du keng Ugabe wëlls oder kanns ginn, kanns du einfach lénks leie loossen. ;-) Dës Gebrauchsanweisung kann iwwregens zu all Zäit nees opgeruff ginn, an zwar duerch e Link deen ënner all Ännerungsfënster steet.

Erlo awer zum Benotze vun der Formatvirlag. Den éischte Punkt ass déi méiglechst einfach Afügung vun der Virlag an d'Ännerungsfënster:

[änneren] En neien Antrag am Wierderbuch schreiwen

Dofir gëtt d'Formatvirlag als éischt an d'Ännerungsfënster agesat:

  1. Kopéier (oder tipp) {{subst:Formatvirlag}} an d'Ännerungsfënster
  2. Späicher d'Säit elo a klick dann op Änneren.

Elo gesäis du déi eidel Formatvirlag an der Ännerungsfënster. Daat Wichtegst feelt natierlech nach: de Contenu. ⇒ Weider geet et mat Ausfëlle vun der Virlag

[änneren] Ausfëlle vun der Virlag

  • Zur Kennzeechnung, op wéienge Plazen's du däi Contenu an déi eidel Virlag asetze kanns, stinn op verschiddene Plaze sougenannt "Placeholder", Plazhaler, wéi „Wuert“, „Wierder“, „vum Wuert“, asw., oder och „xxx“. Op Plaze wou et méi liicht ze erkennen ass, wou de Contenu hisoll, gouf op dës "Placeholder" verzicht.
  • Meeschtens huet ee Wuert net nëmmen eng Bedeitung mee e ganzt Spektrum. Dës Bedeitunge ginn ënnerdeneen opgelëscht a mat eckege Klameren ([1], [2], asw.) duerchnummeréiert.
  • Dës Nummeren dingen dozou, all weider Ugaben der jeweileger Bedeitung zouzeuerdnen (sou gëtt zum Beispill Atlas mat oder ouni Artikel geschriwwen, je nodeem, op de Gott Atlas oder d'Kaartewierk gemengt ass
  • Eng Ugab kann sech och op méi Bedeitunge bezéien ([1,4] - wann si sech op d'Bedeitungsugaben [1] a [4] bezitt) D'Bedeitungszouuerdung muss mat grousser Suergfalt duerchgefouert ginn, well sech ongewollte Feeler hei séier aschläichen, mee schwéier ze fanne sinn. Dofir gëllt déi wikiontypesch Fauschtregel, d'Zouuerdnung am Zweifelsfall léiwer mol op ze loossen („[]“, „[?]“) oder als onsécher ze kennzeechnen („[1?]“) amplaz eng falsch Zouuerdnung anzedroen!
  • Doriwwereraus ginn et an der Virlag divers Kommentarer. Dës sinn tëscht (<!-- Kommentarklameren -->) gesat a ginn am fäerdegen Artikel net ugewisen, mee dingen als Hiweis, dee genee gelies gi soll!
  • D'Virlag huet schon eng Standarttabell fir d'Deklinatioun vun de Substantiven. Fir ander Wierder oder méi speziell Flexiounsformen gëtt et op der Säit Flexiounstabelle weider Tabelleschablounen, déi no Bedarf kënnen agesat ginn.
  • Wéi d'Resultat ausgesäit, kanns du bei dëse Beispiller nokucken.

[änneren] Bedeitung vun den eenzelne Rubriken

Déi eenzel Ugaben zu engem Wuert ginn an ënnerschiddlech Rubriken zortéiert. D'Formatvirlag enthält Virgaben zu den heefegste Rubriken. Net all gi fir all Wierderbuchantrag benotzt, an sou kënnen se deelweis geläscht ginn.

Déi folgend Oplëschtung weist Iech, fir wéieng Ugaben déi jeweileg Rubrik virgesinn ass:

== {{PAGENAME}} ({{Sprooch|Lëtzebuergesch}}) ==

  • Hei w.e.g. d'Sprooch vum Wuert asetzen, also ggf. „Lëtzebuergesch“ entsprechend ersetzen.


=== {{Wuertart|Substantiv}} {{Genus}} ===

  • Hei gëtt d'Wuertart uginn, „Substantiv“ w.e.g. ggf. duerch „Adjektiv“, „Adverb“, „Verb“,... ersetzen.
  • Hannert der Wuertart gëtt de Genus genannt. „{{Genus}}“ w.e.g. passend ersetzen duerch „{{m}}“, „{{f}}“, „{{n}}“,...
  • D'Benotzung vun den international üblechen Ofkierzunge fir Masculinum (männlech), Femininum (weiblech), Neutrum (sächlech) huet de Virdeel, datt friemsproocheg Benotzer d'Agab net nëmme besser verstinn, mee och bei Anträg aus hirer eegener Sprooch de Genus selwer kënnen aginn!)


{{Wuerttrennung}}

  • Ugaben zur Silbentrennung - Afügung vum Trennungszeechen am beschten duerch e Klick op de Link „Trennungspunkt“ (ze fannen ënnert der Ännerungsfënster)


{{Aussprooch}}
:[[Hëllef:IPA|IPA]]: {{Lautschrëft|xxx}},  ''Plural:'' {{Lautschrëft|}}
:[[Hëllef:Héierbeispiller|Héierbeispiller]]: {{feelen}},  ''Plural:'' {{feelen}}
  • D'Aussprooch w.e.g. amplaz vun den xxx an de Lautschrëftbausteen {{Lautschrëft|xxx}} androen. Am Wiktionnaire gëtt als Lautschrëft IPA benotzt.
  • Zousätzlech kennen Héierbeispiller am ogg-Format agebonne ginn.


{{Bedeitung}}

  • Hei gëtt d'Bedeitung, de Sënn uginn
  • Vill Wierder hu méi Bedeitungen - dës ginn hei duerchnummeréiert:
    [1] Erklärung vun der éischter Bedeitung
    [2] Erklärung vun der zweeter Bedeitung
    [..] etc.
  • D'Erklärung soll méiglechst kuerzgefaasst sinn!


{{Etymologie}}

  • Hei w.e.g. d'Etymologie, also wou d'Wuert hierkënnt, uginn.


{{Synonymer}}

  • Hei w.e.g. d'Synonymer, also Wierder mat derwelchter Bedeitung, aginn.


{{Géigendeeler}}

  • Hei w.e.g. Wierder aginn, déi de Géigendeel bedeiten.


{{Uewerbegrëffer}}


{{Ënnerbegrëffer}}


{{Beispiller}}

  • Hei gi Beispillsätz higeschriwwen, fir d'Wuert z'illustréieren.
    [1] Beispillsaz zu der éischter Wuertbedeitung
    [..] etc.


{{Ofgeleete Begrëffer}}

  • Beim Antrag "Wuert" ging hei z.B. stoen: Wierderbuch.


{{Iwwersetzungen (Sproochen)|
*Chinesesch: [1] [[ ]]
*'''Englesch:''' [1,2,3] [[word]] [[:en:word|'''^''']]
*Spuenesch: [1,3] [[ ]], [2] [[ ]]
|
*Franséisch: [?] [[ ]], [2,3] [[ ]]
*Italienesch: [1] [[ ]]
}}
  • Bei der Iwwersetzung w.e.g. déi respektiv Nummer vun der Bedeitung net vergiessen.
{{Referenzen}}
:[1] Wikipedia-Artikel [[:w:Wuert|Wuert]]
  • Hei kann ee Referenzen zum Wuert uginn, z.B. e Wikipedia-Artikel



Formatvirlag - muss daat sinn? Handbuch Flexiounstabellen
Perséinlech Tools