hien

Vu Wiktionnaire

Lëtzebuergesch[änneren]

Kuckt och : ech, du, si, hatt, mir, dir, Dir
Nominativ Dativ Akkusativ
Staark F. Schwaach F. Staark F. Schwaach F. Staark F. Schwaach F.
hien en him em hien en

Perséinleche Pronomen[änneren]

Aussprooch (IPA): [hiən]

Perséinleche Pronomen fir déi drëtt männlech Persoun an der Eenzuel. Fir déi drëtt weiblech Persoun a fir d'Meizuel kuckt si, a fir déi neutral kuckt hatt.

Bsp:

  • Hien ass e gudde Sportler.
  • Geet en haut mat danzen?
  • Gëff him léiwer dat Buch, wéi engem aneren.
  • Et geet em net ëm déi bescht Plaz.
  • Se hunn hien an där Saach fräigesprach.
  • Si hunn en net respektéiert.
  • Hien huet e schéint Gesiicht.

Opgepasst: Am Fall vun der Eifeler Reegel fält den n um Enn vum Wuert ewech.

Beispiller: Hie geet schwammen. Geet hie mat an den Theater?