hatt

Vu Wiktionnaire
Kuckt och : ech, du, hien, si, mir, dir, Dir

Lëtzebuergesch

Perséinleche Pronomen

Aussprooch (IPA): [hat]

Perséinleche Pronomen fir déi drëtt Persoun  n an der Eenzuel. Fir déi drëtt männlech Persoun kuckt hien, a fir déi weiblech kuckt si.

Nominativ Dativ Akkusativ
Staark F. Schwaach F. Staark F. Schwaach F. Staark F. Schwaach F.
hatt et him em hatt et

Beispiller vum Gebrauch:

  • Hatt ass eng gutt Sportlerin.
  • Et ass nach ee Kand
  • Gëff him léiwer dat Buch, wéi engem aneren.
  • Et geet em net ëm déi bescht Plaz.
  • Se hunn hatt an där Saach fräigesprach.
  • Si hunn et net respektéiert.