Wiktionnaire:Eis Schreifweis

Vu Wiktionnaire


Lëtzebuergesch schreiwen

Natierlech kéint jiddweree sech seng perséinlech Schreifweis (Orthographie) maachen a si déi allerbescht fannen… awer da liest keen deem anere seng, well da jiddweree buschtawéiere muss, amplaz flësseg liesen ze kënnen. Dat gëllt fir all Sproochen, och fir d'Lëtzebuergescht.

Mir winnen äis nëmmen un dat, wat regelméisseg erëmkënnt, gesinn a gemaach gëtt; also ass och eng Orthographie bal nëmmen duerch eng Gewunnecht vu Regelen an de Grëff ze kréien…

All Schreifweis riicht sech no Regelen an Normen, déi "zentral" festgesat ginn. D'Orthographie vum Lëtzebuergeschen, wéi mer se haut kennen, gouf, no enger Rëtsch Versich (kuckt:Geschicht vun der Lëtzebuerger Schreifweis) duerch den Arrêté ministériel vum 10. Oktober 1975 festgeluecht an duerch de Règlement grand-ducal vum 30. Juli 1999 liicht g'ännert an ergänzt. Déi zwéin Texter leeë fest; wéi eis Sprooch ze schreiwen ass.

Fir dass Der Iech net mat Gesetzestexter ploe musst, ass op dëser Hëllefssäit dat Wichtegst doraus a kompakter Form zesummegefaasst. Wien s' "am Kapp" huet, dee schreift eis Sprooch zu 97% richteg; fir dee leschten Detail gëtt et nach vill aner Mëttelen, wéi Dictionnairen oder Spellcheckeren.

E lescht Wuert: Leider ass et nun emol esou, datt kaum Een d'Orthographie vum Lëtzebuergeschen an der Schoul geléiert huet. Et ass dofir normal, datt engem beim Schreiwen hei op der Wikipedia am Ufank gären emol kleng Feeler geschéien. Dat soll awer keen ofhalen, hei ze schreiwen! Just, e bësselche gudde Wëllen, sech dës Säit no an no zu Gemitt ze huelen, gëtt erwaart, esou datt net ëmmer déiselwecht hannendru verbessere mussen ...

D'Grondprinzip: Vokalen … eenzel oder duebel ?

Bei a - i - o - u
  • 1 Vokal vrun 1 Konsonant ass laang
  • sizen - Biren - tuten - hurelen - molen - Nolen - blosen – Ham – kal - Bal
  • 1 Vokal vrun 2 Konsonanten (oder méi) ass kuerz
  • richteg - Dusch – kuschen – Kascht – Ball – Hamm (d'Uertschaft Hamm)

Dat gëllt och elo fir d'Verbformen alleguer, déi sech nom lëtzebuergesche Stack (Infinitiv) riichten an net nom däitschen:

  • ginn/gëff, sinn, hunn, gëtt, ass, hutt… falen/fält, gëllen/gëllt, fannen/fënnt
  • 2 Vokale vrun 2 Konsonanten (oder méi) gi laang geschwat … anescht gedréint: vrun 2 oder méi Konsonante muss de laang geschwate Vokal duebel geschriwwe ginn, soss gëtt e kuerz gelies!
    • laang: riicht - diichten - Duuscht – Kuuscht – Haascht – laanscht - Aarbecht
    • kuerz: richt- dicht- Dusch - kusch
Mä: opgepasst beim "e"!

De laang geschwaten e (Breedewee, Feierdeeg, deelen) ass ëmmer duebel, och wa just 1 Konsonant hannendru kënnt, an och, wa vir- oder hannendrun en ë kënnt (leeën, gëeelzt…).

Beispiller fir ze vergläichen
  • Den Hond kuscht fir eng Kuuscht. No der Dusch hat ech Duuscht.
  • Dee Gaascht bascht vu Gascht. D'Moss moosst d'Strooss a roost.
  • Batsch dee Baaschtert mat der Baatsch a mat der Kap op de Kapp.
  • D'Fiiss an d'Giss leien am Schloff am Schlof.
  • molen a gemoolt: Wann hanner engem laang geschwate Vokal nëmmen EE Konsonant kënnt, gëtt de Vokal nëmmen EEmol geschriwwen. Ech gi molen (EEN "o", well nëmmen EE Konsonant, den "l" hanner dem "o" kënnt); ech hu gemoolt (nom laang geschwaten "o" kommen zwéi Konsonanten ("lt") also muss de Vokal "o" duebel geschriwwe ginn.
  • schafen, kafen; schaffen, Kaffi; si schaaft (elle crée), si schafft (elle travaille); hien huet Kaffi kaaft.
Zesummegesate Wierder

Bei zesummegesate Wierder behält all Deel seng Schreifweis:

  • Al+stad, of+rappen, vir+liesen, Ur+grousspapp, Of+fall

Dat gëllt och, wann e "Genitiv-s" dertëscht steet: Schof-s-pelz…

Diphthongen a "Rutschlauter"

Den "ei" gëtt wéi am Däitschen ausgeschwat:

  • Weis eis eis Schleis!

D'Méizuel oder Ofleedunge vu verschiddene Wierder op "au" kréien "ai":

  • Haus > Haiser; Maus > Maischen; haut > haiteg.

Déi typesch Duebellauter (Diphthongen a "Rutschlauter"), déi mir ze soen net am Däitschen oder Franséische fannen, dacks awer am Hollänneschen oder Engleschen, ginn esou geschriwwen:

  • éi - féier déi béis Stéieren néierens séier
  • ou - grouss rout Rouse sinn zou
  • äi - gëff äis gläich wäisse Räis
  • äe - d'Päerd fäert d'Gäert an d'Mäert (awer net vrun engem r eleng: Kärel, Pärel, Märel, Här, gär…)
  • ue - huel uewe lues Huewer, uerg fueren
  • ie - wien hieft hien am Hiem? ( den ie ass ni e "laangen i" ! )
  • ue - oe - ae: ginn ewéi 2 Buschtawe gelies, ni als däitschen ü-ö-ä, (just an Nimm): fuer am Joer Frae froen, wie liest uewent den Aen?

Mat eiser Schreifweis kann een och typesch regional Lauter schreiwen: Millermoaler, Froaen, Guaart, hiän ass derniäft, d'Öuewersauer…

D'Eifeler Regel

Den n (um Enn vun engem Wuert oder bannent engem zesummegesate Wuert) gëtt net geschriwwen, wann en net ausgeschwat gëtt. Den n bleift also just stoe virun i-u-e-o-a / n-d-t-z-h oder engem Sazzeechen (dozou zielt och d'Klamer).
Beispiller: e grousse Borscht, en ale Jeeër, den Näid, mäin Drauwenzocker, säi kalen Drauwejus, den Tunnel, en Zockerbäcker

Oppassen op d'Ausnamen

  • Bei Wierder op -ioun bleift den n ëmmer stoen.
    • Beispill: eng Millioun gewannen
  • Den n bleift um Enn vu Wierder mat laang ausgeschwatem einfachen -n oder dueblen -nn.
    • Beispiller: de Kapitän jäizt, dem Krounprënz seng Zänn wackelen, dënn Leit, de Mann schafft, mä: ech ka Recht hunn, well ech si schéin
  • Den n bleift och bei weibleche Forme vu Beruffsbezeechnungen op -in.
    • Beispiller: d'Affekotin plädéiert, eis Mataarbechterin seet
  • Den n bleift um Enn vun engem Numm
    • Beispiller: Den Här Bollen geet. A Kolumbien bléien d'Liljen. Zu Bierden reent et nees.

Stad - Stater - Staat ...

Stad
  • Esou bezeechne mer une ville, eine Stadt.

Deemno gëtt et d'Stad Esch, d'Stad Ettelbréck, d'Stad Berlin asw.

  • D'Stad Lëtzebuerg heescht och einfach d'Stad (mat bestëmmtem Artikel).
Stater
  • Déi geographesch Bezeechnungen op -er gi groussgeschriwwen:

Déi Escher Leit, déi Diddelenger Schmelz, de Stater Gemengerot, de Lëtzebuerger Béier asw.

  • D'Bezeechnung Stater (ëmmer groussgeschriwwen) bezitt sech nëmmen op d'Stad Lëtzebuerg.

Mir kennen den Escher an de Stater Conservatoire. Et gëtt de Stater Theater an den Escher Stadtheater.

städtesch
  • Dat ass de lëtzebuergeschen Ausdrock fir urbain, städtisch.
  • Adjektivesch Ofleedungen op -(e)sch, -haft asw. gi klenggeschriwwen:

franséische Wäin, lëtzebuergesche Wäin, schmäerzhaft Wierder, städtesch Bussen...
D'Stad Esch stellt hiren neie städteschen Informatiounssystem vir. Déi städtesch Bibliothéik vun Ettelbréck gëtt vun der Ettelbrécker Bibliothéik a.s.b.l. gedroen. De städtesche Musée Simeonstift vun Tréier.

Staat
  • Esou bezeechne mer l'État, der Staat.

Deemno gëtt et och de Staatsrot, d'Vereenegt Staate vun Amerika, de Staat Alaska...

staatlech
  • D'Adjektiv, dat sech op de Staat bezitt ass staatlech.

staatlech Hëllef, de staatleche Pressespriecher, déi staatlech Schoulen...

Den ë an den é

ë

Den ë steet ëmmer amplaz vum kuerz betounten däitschen ö. Ausnamen: Artikelen (den, dem), d'Firwuert (Pronomen) vun der 3. Persoun (em, en, es, et), an, wichteg: d'Wiertchen net:

  • D'gëlle Pëlle wëllen net ëmmer erëm nëmme mëll Ënnen
  • De Joss gëtt dem Dëmm es… gëff em fënnef Stëmmen
  • Rëmeleng (den 1."ë" ass betount, den 2. net)
é

Den é steet nëmmen a kuerze betounte Silben:

  • Mécken, Réck, bécken, Béchs, Geléng, kéng… déi Échel mécht dat dréchen

Ausnam: Possessivpronomen (meng, deng, seng). Kuckt d'Uertschaftsnimm: ass d'Silb betount, kënnt "é", soss "e":

  • Diddeleng, Téiteng, Leideleng…; mä: Lénger, Réngel...

Aner diakritesch Zeechen a Sonnerzeechen

è

Oppassen: mir hu keen "è" (eleng, reng, Bengel), ausser wann d'Wuert aus dem Franséischen iwwerholl gëtt, da bleift den "è" stoen:

  • Barrière, Carrière, Crème, Excès, Pièce-montée, Progrès,...
ç, â, ê, ô, î, û

Den c mat Cédille (ç) gëtt et, grad ewéi den Accent circonflexe ("Hittchen" - ^), nëmme bei deene Wierder, déi onverännert aus dem Franséischen iwwerholl goufen: Garçon, Bâtonnier, Boîte, Côte, Gêne, (mä:genéieren), Piqûre,...

E puer Ausname gëtt et do, wou et datselwecht Wuert am Däitsche gëtt, an do keen Hittchen am Gebrauch ass: Diplom, Hotel, Theater,...

ß

Den däitsche schaarfen "s" (ß) gëtt am Lëtzebuergeschen net gebraucht.

Ufank- a Schlusskonsonanten

d-t-b-p-f-w

De Schlusskonsonant d-t-b-p-f-w riicht sech nom däitsche Schrëftbild, och wann dee Konsonant am Lëtzebuergesche beim Verlängeren net betount ausgeschwat gëtt (e Brot/broden):

  • Doud/dout (Tod/tot), Heed (Heide), Rad/Rat (Rad/Ratte), gutt (gut), Brout (Brot), rout (rot), Blat (Blatt), Stëbs (Staub), Kriibs (Krebs), Ribb (Rübe), Rëpp (Rippe), Lëpps (Lippe), Bréif (Brief), déif (tief), Léiw (Löwe)…

Ass keng esou Ofleedung méiglech, da gëtt den haarde Konsonant (t-p-f) geholl.

G oder ch um Schluss ?

Banne bleift de "g" nom däitsche Schrëftbild stoen:

  • méiglech, Bierger, Buergen, Vugel, Spigel…

De "g" bleift och normalerweis um Enn wéi am Däitschen; just wann d'Silb kuerz a betount ass, schreiwe mir den "ch":

  • am Krich war genuch Luch a Bedruch am Zuch.
V oder f um Ufank ?

De v oder f als Ufanksbuschtaf steet nom däitsche Schrëftbild:

  • Fëll déi viischt (vordere) Fläsche voll, awer net déi fir (für) vir (vorne).
  • Fir vir bäi ze sinn beim Virverkaf vun den Ticketen, muss ee fréi u sinn.
J

Et gëtt bei der Schreifweis keen Ënnerscheed (méi) gemaach, ob de "j" als Reiflaut (wéi a "Jicken") oder "mouilléiert" (wéi a "jo") ausgeschwat gëtt. De "jh", wéi et e fréier gouf, existéiert just nach bei vereenzelten Eegennimm (z.B. beim Jhemp Hoscheit).

Wierder déi aus anere Sproochen iwwerholl sinn

Déi Wierder, déi aus dem Däitschen, Franséischen, Engleschen oder Italiéineschen iwwerholl gi sinn, an esou geschwat bleiwen, ginn normalerweis och esou wéi an der Originalsprooch geschriwwen.

Mir hale bei griichesch-laténgesch a romanesche (franséische) Wierder hiert "Gesiicht" bäi: Geographie – Comité – Chouer – Chrëschtdag – Courage – Cours – Computer…

Ausser bei Wierder, déi am Däitsche scho g'ännert goufen: Foto - Elefant - Telefon

Oppassen op d'Schreifweis vun agebiergerte Wierder: Tëlee - Vëlo !

D'Méizuel bei Wierder mat franséischen Originnen

De franséische Pluriel op "s", "es" an "x" fält ewech, a gëtt ersat duerch d'Méizuelendungen "en" oder "er".

  • en Accident --> Accidenter

Net ausgeschwate Schlusskonsonante bleiwen:

  • e Bord --> Borden (ausgeschwat:"Boren")
  • e Camion --> Camionen
Oppassen op d'Eifeler Regel: Camione flécken
  • eng Cour, zwou Couren (Häff)
  • ee Cours, zwee Coursen (Léiergäng)
  • eng Course, zwou Courssen (Sport) - kritt 2 "ss", well deen als schaarfen "s" ausgeschwat gëtt.

Bei zesummegesate Wierder komme Bindestrécher (an oft e Bindungs-S) dertëscht:

  • Saumon-fumés-Schnittercher, Rond-points-Schëlter, Chargé-de-coursen, Projet-de-loien, Aide-soignanten (bei der weibl. Form: Aide-soignantën), Lieu-diten, Porte-clefsen, Maison-relaisen, ...

Den Apostroph

Den Apostroph (') steet wéi an anere Sproochen, fir een oder méi Buschtawen, déi ewechfalen a genee op där Plaz, wou s'ewechgelooss ginn:

  • 't reent, 't ass d'Erna, 't huet se net méi all
  • d'Gripp, d'meescht, d'Leit

Den 't gëtt ëmmer klenggeschriwwen och wann en am Ufank vun engem Saz steet. Beispill: Wéi war d'Wieder? 't war gutt.

Grouss a kleng, getrennt oder zesummen ?

Grouss a kleng, oder getrennt riicht sech nom däitsche Gebrauch!

De Liaisouns-S oder -N

Heiansdo gëtt en "s" oder "n" ausgeschwat, deen "am Fong" net zum Wuert gehéiert, mä just déngt, fir d'Wuert besser auszeschwätzen. Dës Liaisouns-N-en oder -S-e ginn eenzel geschriwwen an net un d'Wuert virdrun ugehaangen:

  • Ob s de n e wëlls oder net: wann s de n e kriss, dann hues d'en!
  • Wann s de kënns...; Ier s de gees...


Literatur

  • Braun, Josy, 2007. Eis Sprooch richteg schreiwen. 13. Oplo. Rapidpress, Bartreng.
  • Schanen, François & Jacqui Zimmer, 2006. 1,2,3 Lëtzebuergesch Grammaire, Band 3: L'orthographe. Schortgen, Esch-sur-Alzette. ISBN 978-2-87953-022-2.
  • Schanen, François & Jérôme Lulling, 2003. Introduction à l'orthographe luxembourgeoise. Description systématisée de l'orthographe officielle luxembourgeoise telle qu'exposée en annexe de l'arrêté ministériel du 10/10/1975 et modifiée par les révisions proposées en annexe du règlement grand-ducal du 30/07/1999. 140 S. (PDF 1,1 MB).