Wiktionary:Wëllkomm

Vu Wiktionary

Wiesselen op: Navigatioun, Sich

[änneren] Wëllkomm beim Wiktionnaire, dem lëtzebuergesche Wiktionary

Hei ensteet e Wierderbuch mat zesummen erschafften a fräie Bäiträg. Wiktionary ass eng Zesummesetzung aus wiki an dictionary. Wikis si Websäiten, déi jiddferee praktesch an einfach am Browser verännere kann.

Déi am Februar 2005 gegrënnte lëtzebuergesch Wiktionary ass en Deel vum [[Wiktionary:Lëscht vun de Wiktionnairen an anere Sproochen|internationale Wiktionary-Projet].

Dëst ass en oppene Gemeinschaftsprojet. Jiddferee kann hei matschaffen, an zwar ganz ouni Umeldung - obwuel dës (kuckt ënnen) verschidde Virdeeler bidd.

Dir wäert et scnell mierken. D'Participanten vum Wiktionary diskutéiere mateneen, hëllefe sech géigesäiteg - an duzen sech och meeschtens.

Et ass ganz einfach:

[änneren] Umeldung a Benotzerdaten

Uewe riets kann een sech umellen an e Benotzernumm auswielen, deen da fir all Beiträg gespäichert gëtt. (Dozou musse Cookies am Browser aktivéiert sinn). D'Umeldung ass awer net obligatoresch. Bis op e puer Ausname kann all net-ugemellte Benotzer alles maachen, waat en ugemellte Benotzer och kann! (Méi Informatiounen zu de Vir- an Nodeeler vun enger Umeldung ...)

[änneren] Auteursrechter beuechten

W.e.g. kopéiert op kee Fall Texter ouni d'Averständnis vum Auteur heihinner, well daat Problemer mam Copyright mat sech bréngt. Selwerschreiwe mecht souwisou vill méi Spaass.

De Contenu vum Wiktionnaire ënnersteet der GNU-Lizenz fir fräi Dokumentatioun. Daat heescht, jiddfereen duerf de Contenu mat Ugab vun der Quell weiderbenotzen a verbreeden.

An elo vill Spaass mam Wiktionary!


Handbuch Fachbegrëffer an Ofkierzungen
Perséinlech Tools