Läffel

Vu Wiktionnaire

Lëtzebuergesch[änneren]

[1] E Läffel
[2] Läffele bei enger Kanéngchen
[3] E Läffel Kaviar

Substantiv m (pl: Läffelen)
Aussprooch (IPA): [lˈæfəl]   Aussprooch (pl): [lˈæfələn]

Bedeitung:

[1] En Kichegeschir fir Flëssegkeeten ze iessen, ze réieren oder ze zerwéieren.
[2] (Nëmmen am Pluriel) Laang Oueren, wéi zum Beispill bei Kanéngercher oder Huesen awer och heiansdo bei Leit.
[3] Eng Kichemooss

Ënnerbegrëffer:

[1] Bräiläffel, Kaffisläffel, Läffelsgeschir, Schaumläffel, Zoppeläffel

Bsp:

[1] Verschidde Leit iesse Räis léiwer mat engem Läffel.
[2] Wat huet déi Kanéngchen awer fir laang Läffelen!
[3] Hie mécht ëmmer zwéi Läffelen Zocker a säi Kaffi.

Riedensaarten[änneren]

[1]
[2] Du kriss eng hanner d'Läffelen! (Du kriss eng an d'Akaul!)

Referenzen[änneren]


Artikel op Wikipedia  Läffel