Hëllef:Onformatéiert Artikel aus der Wikipedia
Vu Wiktionary
Well de Wiktionnaire e Wierderbuch ass, muss hei op d'Eenheet méi Wäert geluet gi, wéi bei der Wikipedia! Liest dowéinst opmannst de Punkt Virgoensweis gründlech duerch.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Rechtshiweis
E rengt kopéiere vu "Wierderbuchartikelen" aus der Wikipedia heihinner mat uschléissender Läschung do ass net am Sënn vun der GNU-Lizenz fir fräi Dokumentatioun, well den Historique mat den Auteure verluer geet. Wikipediaartikel ouni Historique mussen am Wiktionary geläscht ginn!
Dowéinst ass et beim Réckele vun Artikelen aus anere Wikimedia-Projeten wéi der Wikipedia noutwänneg, och den Historique ze späicheren, waat een duerch e Kopéieren op d'Diskussiounssäit maache kann.
[änneren] Virgoensweis (Pflicht)
Einfach de Kommando {{VersiounenWP}} um Ufank vun der Diskussiounssäit setzen an direkt dodrënner den Historique vum Artikel mat Copy/Paste aus der Wikipedia erakopéieren.
Artikelen aus der Wikipedia, déi net eiser Formatvirlag ugepasst sinn, w.e.g. mam Textbausteen {{VuWikipedia}} markéieren.
Domadder gëtt markéiert, datt d'Form vum (nach) Wikipedia-Artikel un dee vun engem Wiktionary-Artikel muss ugepasst ginn. Domadder gesäit een den Antrag um Wiktionary:Schantjen, an e gëtt net vergiess.
[änneren] Numm vum Bäitrag
- D'Benennung vun engem Artikel, wann et sech ëm en eenzelt Wuert handelt, wéi een sech daat bei engem Wierderbuchantrag virstellt. Also
"Bank"oder"kucken".
- Eng Sonnerregelung gëllt fir ontrennbar Ausdréck, Wuertverbindunge wéi Zitater a Spréchwierder!
[änneren] Ontrennbar Ausdréck
Alles waat als festen, onverännerbaren Ausdrock bezeechent ka ginn, an och esou an engem Otemzug benotzt gëtt, gëtt och am Wiktionnaire esou agesaat! Den Antrag heescht dann also "à propos", "vis-a-vis", "ad hoc", "cum laude" oder "vice versa".
[änneren] Wuertverbindeungen
[änneren] Wuertverbindungen déi net fest sinn
"de (Bräi)Läffel ofginn"kënnt zum Begrëff"Läffel".- Begrënnung: Ween d'Bedeitung net kennt, sich bei Läffel.
[änneren] Fest Wuertverbindungen
Hei gëllt daat selwecht wéi bei de Wuertverbindungen déi net fest sinn, well den Ausdrock "siiwe Weltwonner" ging een an dëser Konstellatioun wuel éischter an enger Enzyklopedie nokucken. An engem Wierderbuch sicht een do dann éischter no "Weltwonner".
[änneren] Upassung
Beiträg déi nach net un de Wiktionnaire ugepasst goufen, fannt Dir um Wiktionary:Schantjen.
Bei der Upassung un de Wiktionnaire w.e.g. op folgendes oppassen: