Hëllef:Éischt Schrëtt

Vu Wiktionary

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
« Waat de Wiktionnaire net ass Wiktionnaire - Handbuch Sandkaul »


Deng éischt Schrëtt méchst du am beschten an der Sandkaul! Dës Säit ass nämlech reng zum Testen a Probéiere geduecht.

[änneren] Einfach Textännerungen

Schratt Waats du méchs Waat geschitt

1
 

Klick hei op de Link Hëllef:Sandkaul (am beschte méchst du eng zweet Fënster op, fir datts du dës Erklärunge permanent vrun An hues).

D'Säit "Sandkaul" gëtt ugewisen. Et ka sinn datt do schon allerhand Text vun anere Leit steet.


2
 

Klick op de Link änneren uewen am Menu.
Ënnert der Ännerungsfënster fënns du e Link "Eng Säit änneren", deens du als Informatiounsquell am beschten an enger neier Fënster opmechs.

Eng nei Säit gëtt ugewisen. Do gesäis du de Contenu vun der "Sandkaul" an enger sougenannter 'Editbox', wou's du den Text ännere kanns.

Eventuell gesäis du och e puer komesch Symboler. Dës sougenannten "Tags" suerge fir d'Formatéierung vum Artikel a fir d'Links tëscht de verschiddenen Artikel. Déi wichtegst "Tags" ginn ënner "Eng Säit änneren" an "Verlinken" erklärt.


3
 

Maach e puer Ännerungen a klick dann op Säit späicheren

Paragraphe kanns du z.B. duerch eng eidel Zeil maachen.

D'Säit ass elo gespäichert an all Benotzer gesäit se elo esou, wéi's du se gesäis.

Wann allerdéngs an der Tëschenzäit en Aneren och um Text geschafft huet, kann et zu engem sougenannte "Versiounskonflikt" kommen. An dësem Fall gëtt am ieweschten Textfeld den Text vum anere Benotzer ugewisen, an ënnen däin Text an dotëscht den Ënnerscheed tëscht dee nen zwou Versiounen. Nëmmen den Text am ieweschten Textfeld gëtt gespäichert wanns du elo nacheemol op "Säit späichere" klicks.

[änneren] Verlinken an nei Säiten

Schratt Waats du méchs Waat geschitt

1
 

Klick nacheemol op Säit änneren a setzt en Text an duebelen eckege Klamere bäi, zum Beispill: [[Moien]]. Klick op Preview, a kuck dir d'Resultat un.

Un dëser Plaz hu mir Tipp fir Macintosh-Benotzer.

Elo gesäit een e Link op d'Säit Moien. Wann et schon een Antrag zu dësem Wuert gëtt, brauchs du nëmmen op de Link ze klicken, fir dohinner ze kommen.


2
 

Falls den Text deens du schreiws net mam Artikelnumm identesch ass, geet daat esou:
An der [[Griichesch Mythologie|griichescher Mythologie]] gëtt et....
Direkt emol probéieren: Op änneren klicken, an am Preview kucken.

Elo gesäit een den Text:
An der griichescher Mythologie gëtt et...


3
 

Maach elo e Link op eng Säit déi et nach net gëtt. Esou: [[Dës Säit gëtt et nach net]]

Daat gesäit dann esou aus: Dës Säit gëtt et nach net. Déi roud Faarw signaliséiert, datt et zu dësem Numm nach keen Artikel gëtt.


4
 

Klick op de roude Link.

D'Ännerungsfënster fir den neien Artikel gëtt ugewisen. Do kann elo en neien Text geschriwwe ginn. Dobäi ass et awer sënnvoll sech un der Formatvirlag z'orientéieren.


Waat de Wiktionnaire net ass Handbuch Sandkaul
Perséinlech Tools