Benutzer Diskussion:Les Meloures
Méi al Diskussioune stinn am Archiv 2010; Archiv 2011.
[änneren] Conjugaisoun
Gutt Aarbecht vum BigDom! Au fait perfekt Iwwersetzung ;) gutt dass de "Konjugatioun" verbessert has ;).
Am Fong kann een dem BigDom seng Aarbecht nach e ganz bësselche perfektionéieren an zwar mache fir dass de "n" bei hunn, wäerten, a sinn fält... Ech kucke mol wat ech do maache kann wann s du et maache kanns da maach du et léiwer (ausser et ass fir dech keng Prioritéit, wat och de Fall ass) ech léiere grad wéi deem säi Skript geet ;).
-
- Moien,
- Wanns de dech gären ameséiers da wënschen ech der vill Freed. Lee awer da vläicht eng nei Schabloun un, déi s de test oder wéi s de wëlls, nennst. Géi net an déi aner triwwelen bis datt mer sécher sinn datt et funktionnéiert. Ech huelen och un datt et méiglech ass, et muss een et just fäerdegbréngen all d'Parametere vun der Eifeler Regel ënnerdaach ze bréngen. --Les Meloures 12:02, 2. Jan. 2012 (UTC)
-
-
- Moien,
- Jo natierlech kënnt dat net a Fro. D'Eifeler Regel bei de Verbe kënnt fir bei B, C, F, G, J, K, L, M, ,P ,Q, R, V, W, X Y oder? Eenzeg Exceptioun Verben déi vum Englesche kommen dat heescht chillen, checken, asw oder? Wéi dat gemaach gëtt soe mer mol esou mir wëssen dass et iessen giess ass... da stellt dech eraus dass et 3 Méiglechkeete ginn an zwar keng Eifeler Regel gëtt applikéiert. Eng Kéier an eng Kéier net an zwar bei iesse wäert et beim Conditionnel Présent net awer iwwerall jo. An da gëtt et och d'Possibilitéit dass d'Eifeler Regel iwwerall geet. Ticken ech richteg ;)?
-
-
-
-
- Ok Merci, dat wäert nach witzeg ginn.
-
-
-
-
-
-
- Ech hunn den Opbau verstan leider kontrolléiert déi Schabloun net no wat virun engem Verb steet (de Befeel fir dat auszeféieren steet net dran). Wou kann een all d'Befeeler fannen iwwert Schablounen? (D'Sprooch ass egal, ech hät franséisch léiwer ;) )
-
-
-
- Bon ech mengen ech fänke mol ganz ënnen un. (Et kéint een am Fong 3 verschidde Schabloune maachen mä ech probéiere mol eenz ze ginn, ech wëll eppes maache wou de wikipedia selwer den n soll ewechmaachen an net wou de Benotzer et muss soen). Merci fir all deng Hëllef, ech probéiere mol eng Aussprooch Schabloun ze kreéieren. (Eeenzuel + Méizuel) Deen net an déi nächst Rei geet ;) a wou dann och de Pluriel an d'Eenzuel steet.
-
- Mengs du dass d'Iwwersetzungsschabloun (vum engleschen Wiktionnaire) un eise Wikipedia ugepasst ka ginn? ... Well déi gefält mir enorm... Do kann ee ganz liicht Iwwersetzunge bäisetzen...
-
- Ech hunn d'Tabell gläich (Däitsch Schabloun ugepasst un d'Lëtzebuergesch). Soll ech d'Eifeler Regel mat abezéien?
-
-
- http://lb.wiktionary.org/wiki/Schabloun:Abacaxi sou gesäit se aus. Wann et Dir net gefält erklär mer wéi s du et gären häss ;). Natierlech geet déi Schabloun net iwwerall... Et gi jo Wierder déi an der Eenzuel hieren n verléieren... De Problem ass wéi mécht een fir dass dann d'Këscht verschwënnt wann et d'Eifeler Regel guer net gëtt oder nëmmen op enger Plaz geet...
-
[änneren] Verschidde Froen
Ech si rëm do. A mir si puer Saachen opgefall. http://lb.wiktionary.org/wiki/hatt mist et net am Dativ hir sinn an net him? Wat genau heescht Abzebild? Pechbild? Den Ofbau vun http://lb.wiktionary.org/wiki/ofraumen huet mer gefall... wéi maachen ech awer wann ech nëmme bei der zweeter Bedeitung oder drëtter Bedeitung e Synonym fannen an net bei der éischter?
Gutt dass du sou oft matschaffs ;). Du méchs exzellent Aarbecht séif et beim Artikel kreéieren oder raumen.
[änneren] Logo vu Wiktionnaire änneren
Wéi wär et wa mer et iwwersetzen? Oder en anerem säi Logo "klauen"? Fir dee Logo ze maache muss een awer keen héijen Niveau hunn oder? (Eenz gi mat Photoshop/Gimp) Da hu mer och eng Aart "Identitéit".
[änneren] Nëmme fir dass du et och weess
No deems ech vill englesch Artikelle mam Genus gesinn hunn sinn ech kucke gaangen ob déi iwwerhaapt e Genus hunn an nee déi hu keen sou wéi och Tierkesch http://de.wikipedia.org/wiki/Genus
[änneren] An elo bei den Adjektiven!
http://en.wiktionary.org/wiki/hiwweleg
[änneren] Beim Artikel Fuuss
Ass Féchs net de Pluriel vu Fochs? Da soll dee Léiwer net do uewe stoen... Da wär et souguer besser wa mer extra eng nei Säit géife maachen.
- Eng extra Säit wier net schlecht. --Les Meloures 12:53, 7. Jan. 2012 (UTC)
[änneren] logo Wiktionnaire sur lb
Bonjour et meilleurs voeux pour la bonne année.
Je m'adresse aujourd'hui à vous pour savoir s'il est possible de changer le logo du wiktionnaire lb:. On voudrait bien adopter le modèle français, bien sur avec un texte luxembourgeois en bas de l'image. m.s. --Les Meloures 14:54, 6 January 2012 (UTC)
- Bonsoir. Je préfèrerai que l'on se tutoie, si ca ne te / vous dérange pas.
- Pas de problème, je vais m'en occuper. Il faudrait que tu me dises seulement si tu as déjà le logo, et si tu veux que je le fabrique moi-même quel texte mettre en bas, et éventuellement quelle police / taille. Je ne pense pas que prendre le logo du Wiktionnaire français soit la meilleure solution, il paraît que le caractère qui ressemble à une lettre chinoise n'en est en fait pas une. Autant mettre un logo correct tout de suite ;).
- Bon week-end, et surtout bonne année à toi aussi ! -- Quentinv57 ✍ 14:41, 7. Jan. 2012 (UTC)
[änneren] Audiofichier kontrolléieren
Kéints du wann s du natierlech déi Fichiere kontrolléiers. Einfach an der Check-Schabloun schreiwe wat net stëmmt mam Audiofichier? Oder wann dee gutt ass déi Mentioun ewechmaachen? --Soued031 17:20, 7. Jan. 2012 (UTC)
[änneren] Wat häls du vun där Iddi?
Wéi wär et wa mer Beispillsätz vun RTL.lu an aner Säiten am Wiktionnaire bäisetzen? Muss ee soe heiansdo weess een net sou richteg wa ee schreiwe kann an munchmol ass de Saz a sech oninteressant a kuerz. Ech hunn dat scho bei http://lb.wiktionary.org/wiki/Tram an http://lb.wiktionary.org/wiki/Bus gemaach. (Ass de Pluriel Busser oder Bussen?). Natierlech mussen dann d'Feeler verbessert ginn... Well et sinn ëmmer Feeler do.
- Beispiller sollen nëmmen aus der geschriwwener Literatur (Bicher) an net vun der Literatur vun Internetsäiten kommen.
- De Pluriel ass Bussen.
-
- Ui dat gëtt nach schwéier... ech setze mol alles nees zeréck.... Merci ;)
-
-
- Déi interessantst Verbesserung déi ech vun dir gesinn hunn ass déi vum Chantilly/Schlagsahn Bravo ;). (Ech hat Angscht dass du de Sënn vum Wuert änners, well et gi schonn Ënnerscheeder... Ech hoffen ech kann iergendwann och esou gutt Artikele maache wéi dir ;).
-
Mengs du net Ieper? (Synonym vun Äerdbier)
- Dee "Synonym" (dee keen ass) stoung/steet am Spellchecker. Ech siche mol weider. De LOD.lu seet Äerdbier ass sächlech ass et wouer? wa jo da ginn ech drun änneren
Seet een Hai op Lëtzebuergesch? Well mir hu sou en Artikel... Ass et net Haifësch? (Momentan botzen ech d'Artikelen oder passe se un)
- Lo kommen ech net no... wéi seet een dann Haifisch/requin op Lëtzebuergesch?
- Merci hat ech nach ni héieren/gelies ;).
Hum wéivill gëtt elo ausernee geschriwwen... wat soll mat der Säit elo geschéien?
[änneren] Liste des namespaces
Bonjour,
Si j'ai bien compris, les espaces de noms voulus sont :
| Numéro | Valeur actuelle | Valeur attendue |
|---|---|---|
| -2 | Media | Media |
| -1 | Spezial | Spezial |
| 0 | ||
| 1 | Diskussioun | Diskussioun |
| 2 | Benotzer | Benotzer |
| 3 | Benotzer Diskussioun | Benotzer Diskussioun |
| 4 | Wiktionnaire | Wiktionnaire |
| 5 | Wiktionnaire Diskussioun | Wiktionnaire Diskussioun |
| 6 | Fichier | Fichier |
| 7 | Fichier Diskussioun | Fichier Diskussioun |
| 8 | MediaWiki | MediaWiki |
| 9 | MediaWiki Diskussioun | MediaWiki Diskussioun |
| 10 | Schabloun | Schabloun |
| 11 | Schabloun Diskussioun | Schabloun Diskussioun |
| 12 | Hëllef | Hëllef |
| 13 | Hëllef Diskussioun | Hëllef Diskussioun |
| 14 | Kategorie | Kategorie |
| 15 | Kategorie Diskussioun | Kategorie Diskussioun |
| 100 | Annexen | Annexen |
| 101 | Annexen Diskussioun | Annexen Diskussioun |
C'est bien cela ?
--Hercule 17:14, 11. Jan. 2012 (UTC)
- Il me faudrait une approbation visible sur Wiktionnaire:De Staminee#Namespace to be translatted
- --Hercule 21:32, 11. Jan. 2012 (UTC)
- Pour formaliser le consensus, il faudrait simplement laisser une message sur Wiktionnaire:De Staminee#Namespace to be translatted pour dire que c'est bien ce que vous voulez. Il faudrait que quelques personnes s'expriment, pour être sûr que personne n'est contre.
- --Hercule 10:16, 12. Jan. 2012 (UTC)
[änneren] Consensus
Déi froen e Consensus brauche mer dat wierklech obwuel mer am Ament zu zwee sinn?
[änneren] Schreifweisen
Bon ok mir sinn heiansdo net averstane mat dat wat am LOD.lu ass awer dat schlëmmst ass wa se zwou Orthographië proposéieren an den eenzegen Ënnerscheed ass den h deen dobäigesat gouf an dee vum Däitsche kënnt. Ee vun deene Wierder sinn ënner anerem Feeler a Walen. Wéi wär et wa mer eng Schabloun kreéieren déi de Benotzer guidéiere soll déi aner Graphien ze benotzen?
Momentan hunn ech: Obwuel d'Schreifweis vum Wuert am Ament offiziell ass, wär et besser wann Dir d'Graphie benotzt déi méi um Lëtzebuergesche ugepasst ass an zwar „Wuert“ An d'Bild: http://en.wikipedia.org/wiki/File:Stipula_fountain_pen.jpg
Ech siche weider fir d'Bild
[änneren] Graphien....
Jo ech weess ech kréien ëmmer vu jidderengem gesot ech soll ophale meng "domm" Regelen ze schreiwen... Den Drang ass awer nach ëmmer do fir déi ze schreiwen... Menger Meenung no hunn ech lo eng Regel finaliséiert... Ech weess awer net op Dir Iech souvill fir d'Schreifweis interesséiert wéi ech. Am Fong wéilt ech gären Är Meenung iwwert et wëssen. Natierlech wann der näischt dergéint hutt.--Soued031 19:49, 17. Jan. 2012 (UTC)
[änneren] Audifichieren
Géi op menger Diskussiounssäit fir méi gewuer ze ginn. --Soued031 13:06, 23. Jan. 2012 (UTC)
-
- Neien Audiofichier fir Wo gouf eropgelueden.--Soued031 13:32, 23. Jan. 2012 (UTC)
[änneren] Huert
Moien,
Ech sinn déck erstaunt dass et e Wuert dofir gëtt am Lëtzebuergeschen. De Problem ass leider kann ech et net iwwersetze mat Hëllef vun der hollänescher Iwwersetzung. Ech kéint awer mam Franséischen déi aner fannen...
-
- Moien och, wann ech se wéisst hätt ech se derbäigesat. --Les Meloures 18:33, 25. Jan. 2012 (UTC)
[änneren] Plooschter
Mech stéiert den Artikel Plooschter och kéinnt dir d'Iwwersetzunge nummeréieren? dat heescht fir Bedeitung Eent Iwwersetzung Eent a fir bedeitung Zwee Iwwersetzung Zwee.--Soued031 18:54, 25. Jan. 2012 (UTC)
-
- Dat war virgesinn ass awer net méi derzou komm. --Les Meloures 18:33, 25. Jan. 2012 (UTC)
-
-
- Ah sou entschëlleg mech. Hat haut egalwéi net vill Zäit fir un de Wiktionnaire ze schaffen.--Soued031 18:54, 25. Jan. 2012 (UTC)
-
[änneren] Wierder déi mer komesch virkommen
Soll ech déi hei posten? Well heiansdo ginn ech net eenz mat de Säiten...
[änneren] Wat sinn d'Originne vum Wuert Haartmound
Ass et aus Mound oder Mount zesummegesat?
- Vläicht just e Schreiffeeler. --Les Meloures 12:22, 30. Jan. 2012 (UTC)
-
- Dat wor et och, an gefällt Iech d'Schabloun mat de Méint oder solle mer een apaart maachen?
-
-
- D'Schabloun ass an der Rei. --Les Meloures 12:34, 30. Jan. 2012 (UTC)
-
-
-
-
- stëmmt dat dass Mäerz och Aussenzäit heescht?
- Aussenzäit ass e Synonym fir Fréijoer. --Les Meloures 12:47, 30. Jan. 2012 (UTC)
- Keng Angscht et heescht net dass ech lo näischt maachen dass ech opgehalen hunn ech ginn e klenge Moment raus. Bis dann
- Aussenzäit ass e Synonym fir Fréijoer. --Les Meloures 12:47, 30. Jan. 2012 (UTC)
- stëmmt dat dass Mäerz och Aussenzäit heescht?
-
-
[änneren] Pluriel vun Aaspel
Ass d'Méizuel vun Aaspel, Aaspelen? (net dass et nees kee Pluriel huet an ech schreiwen trotzdem een)
- Aaspelen. --Les Meloures 15:56, 31. Jan. 2012 (UTC)
[änneren] D'Iwwersetzung vu Mullebutz...
Moien, hei am 90000 Wierder steet baie d'aubépine, Weißdornbeere, whitethorn-berry, fruta del espino blanco (es), pibrito (pt), biancospino (it). Am Lod.lu steet : cenelle, Mehlbeere... AM LWB steet «Frucht des Weißdorns» bei Millebeidel
- Verschidden Interwikie sinn och falsch gelaf. Déi hunn ech emol bei den anere redresséiert. Déi haten och Mielbier mat dem Hodar duerchernee gehäit.
- Ech hunn nach en ale 6.000 Wierder hei. Ech hunn emol déi Säit einfach erausgerappt. --Les Meloures 16:23, 3. Feb. 2012 (UTC)
-
- Ech mengen dir fänkt lo och un wéint deene Graphien a falsch Iwwersetzungen geckeg ze ginn ;).
[änneren] Bottel
- Ass dee Substantiv männlech oder weiblech?--Soued031 17:21, 3. Feb. 2012 (UTC)
Iwwer den Daum gepeilt -- weiblech --Les Meloures 17:28, 3. Feb. 2012 (UTC)
[änneren] De Logo
Ok ech si lo fäerdeg, loosst Iech net stéiere vum "ss" fir dat ze gesinn muss een Linux Libertine (Schrëft) installéieren. Wat haalt dir dervun? Wat soll verbessert ginn?
[änneren] Den neie Logo ass "en Place"
Moien, just fir Bescheed ze soen a fir Iech ze soen dass e "Vullemätti" Är Säit geännert huet. Dee Benotzer (wann dir op wikipedia.fr gitt) mécht nëmme Schäiss blockt en direkt. http://toolserver.org/~luxo/contributions/contributions.php?user=213.41.212.210&lang=
[änneren] Moien
A wéi gefält Iech den neien Design?--Soued031 09:36, 12. Feb. 2012 (UTC) A jo ech hat dat total vergiess ze froen. Wéi solle mer mat dem Wuert vun der Woch maachen? Dir maacht déi ongerued Wochen an ech déi gerued? Natierlech muss dat Wuer schonn en Artikel hunn soss huet et kee Sënn --Soued031 12:08, 12. Feb. 2012 (UTC)
[änneren] Verben "zesummeschreiwen"
Moien, wéi wär et wa mer Verben zesummeschreiwen wann déi nei "Deutsche Rechtschreibung" (Duden.de) et zesummeschreift? De LoD.lu mécht et z.B..--Soued031 12:16, 13. Feb. 2012 (UTC)
- Et gëtt Verben déi d'office zesummegeschriwwe ginn an anerer net. Dat kënnt dohier well et dat Verb am Infinitif net an der zesummegeschriwwener Form gëtt. --Les Meloures 17:28, 13. Feb. 2012 (UTC)
[änneren] Gudden Owend
Ech hu grad de Fueskichelchen Artikel gemaach... leider fannen ech keng gutt Foto...
[änneren] Gudden Owend
Wéi géif Dir Rutherfordmodell schreiwen? zesummen oder auserneen?
[änneren] Schreifweis
Solle mer net fir Liechtenstein "Lichtenstein" schreiwen?
- Oder vläicht Liichtesteen? --Les Meloures 12:25, 19. Feb. 2012 (UTC)
| Conjugaisoun | ||||||||
| Indicatif | Persoun | Présent | Prétérit | Passé composé | Plus-que-parfait | |||
| ech | këssen | hu gekësst | hat gekësst | |||||
| du | këss | hues gekësst | has gekësst | |||||
| hien* / hie** | kësst | huet gekësst | hat gekësst | |||||
| mir | këssen | hu gekësst | hate gekësst | |||||
| dir / Dir | kësst | hutt gekësst | hat gekësst | |||||
| si | këssen | hu gekësst | hate gekësst | |||||
| Conditionnel | Persoun | Présent simple | Présent composé | Passé | ||||
| ech | géif këssen | hätt gekësst | ||||||
| du | géifs këssen | häss gekësst | ||||||
| hien* / hie ** | géif këssen | hätt gekësst | ||||||
| mir | géife këssen | hätte gekësst | ||||||
| dir / Dir | géift këssen | hätt gekësst | ||||||
| si | géife këssen | hätte gekësst | ||||||
| Impératif | ||||||||
| Eenzuel | Méizuel | Participe passé | gekësst | |||||
| këss | kësst | |||||||
| * steet fir hien, hatt, si / ** am Fall vun der Eifeler Regel | ||||||||
[änneren] Moien
Ech sinn der Meenung d'Schabloun vum pluriel ass net esou gutt... Ech schaffe grad bei der Aktualiséierung vum Artikel Tréin... an ech wéilkt gären dass d'Nummer zwee virun der Këscht steet awer déi gëtt verschléckt... solle mer net léiwer esou maachen?:
- Tréin ass d'Schabloun vun der Méizuel vu(n) Troun.
dat heescht dat gesäit dann esou aus wéi beim "Regional".
-
-
- Kéint Dir w.e.g. op Skype kommen? Ech weess net wéi ech Lëtzebuergesch (Sprooch) definéiere soll... do ginn et déi zwee extremen.
-
[änneren] Bespriechen
Sole mer oder solle mer net Gemenge bäisetzen? Wéi soll dat ausgesinn asw... Mer kënnen natierlech driwwer schwätzen op Skype.
[änneren] I'm back
Moien. Endlech (indirekt) Vakanz! Ech wéilt gären iwwert verschidde Saache mat Iech bespriechen, kéint der w.e.g. op Skype kommen?
[änneren] Wuert vun der Woch
Wat solle mer huelen?
[änneren] kussen, këssen...
De LOD.lu schéngt do net sou eenz ze ginn se soen de Verb këssen géif et ginn awer net kussen... Si acceptéieren awer just Kuss als Substantiv. Solle mer d'Verb kusse bäisetzen oder net?
-
- Dir wäert laachen awer ech hat nach ni vu këssen héieren... well ech déi ganzen Zäite just kussen héieren. Menger Meenung no ass dat déi selwecht Geschicht wéi rutschen a rëtschen.
[änneren] D'Mathé op Lëtzebuergesch....
Menger Meenung solle mer léiwer d'Fangere vun der Mathé loossen... (Ausser natierlech Dezimalzuel, Klamer/Klammer, Broch, deelen, multiplizéieren, asw...). Ech hat haut e bësse ronderëm gefrot a mir ass opgefall... datt d'Substantiver déi franséisch Originnen hunn, léiwer benotzt ginn. Et ass leider keng "imposant" Majoritéit, an déi meescht soen am Ufank "euh ech weess net". Ech fanne mir sollten eis eng Kéier gesinn a kucke wéi mer eis do uleeë sollen... wa mer duerno nach ëmmer net wësse wat mer maache sollen, da sinn ech der Meenung mer solle béides acceptéieren fir sou op "Nummer" sécher ze goen. Soued031 (Diskussioun)
[änneren] Skype
kéint der w.e.g. kommen... ech hu mer en neien Design ausgeduecht fir d'Substantiver, deen ass vu wäitem méi iwwersichtlech fannen ech wéi dat wat mer fréier haten. Ech wéilt gären är Meenung hunn. Ech fannen et ass héich Zäit dat mir een Design, dee fir ëmmer bleiwe wäert. Beispill: Schlapp Soll d'Aussprooch eng "Kategorie" kréien oder soll et niewent dem Genus an dem Pluriel stoen? Soued031 (Diskussioun)
- Merci, ma do wou Substantiv steet wäert Substantiv lb stoen de Problem e geet an eng aner Rei :p ech këmmere mech ëm dat. Wou soll d'Aussprooch stoen ganz am Schluss ënnert d'Iwwersetzungen? Mech stéiert d'Aussprooch am Fong...
- Fir d'Katgeoriséierung... ech sinn der Meenung mer sollen do D'Schabloune benotzen awer d'Schabloun soll onsichtbar ginn. Sou kënne mer liicht verschidde Kategorie maachen ;) heiansdo ginn et saachen déi zum Beispill bei Chimie awer och bei Biochimie klasséiert ka ginn asw
- Ech hunn et probéiert mat Museksinstrument an et ass gaangen. D'Wuert ass an der Kategorie awer d'Schabloun gesäit een net ;).
- Gitt Dir mer d'Erlaabnes un der Schabloun Substantiv fréckelen ze goen sou wéi eng nei Schabloun Synonymer ze maachen déi keng Kategorie huet?
- Kéint der mer d'Rechter ginn fir d'Schabloun Aussprooch a Substantiv ginn?
- Kéint d'Erlaabnes kréie fir d'Schabloun Adjektiv + Verb änneren ze goen? (Dat eenzegt wat mech rose mécht ass dat mer awer déck vill schappeg Artikelen hunn am Lëtzebuergeschen)
- Ech brauch d'Erlaabnes fir d'Schabloun Adverb änneren ze goen.
- Kéint d'Erlaabnes kréie fir d'Schabloun Adjektiv + Verb änneren ze goen? (Dat eenzegt wat mech rose mécht ass dat mer awer déck vill schappeg Artikelen hunn am Lëtzebuergeschen)
- Ech hunn et probéiert mat Museksinstrument an et ass gaangen. D'Wuert ass an der Kategorie awer d'Schabloun gesäit een net ;).
[änneren] Ech hunn endlech d'Grammairesbuch vum Ministère
Moien ech verstinn eppes net an zwar op der Säit 89 steet ganz uewen
- Haut hu mer den 8. Januar
Gëtt an deem Fall (am Lëtzebuergeschen) net sinn benotzt? -Soued031 (Diskussioun) PS: Déi sinn am Ido Wiktionnaire och zu zwee a sinn hunn all Kéiers nogekuckt wann ech eppes dobäigemaach hunn oder geläscht. Ech gouf vun hinnen eng Klengegkeet gefrot an zwar "Watfer" Buschtawe mir am Lëtzebuergeschen hunn, soss näischt.
[änneren] Île flottante
Dat ass op Lëtzebuergesch eng Eeërcrême mat Schnéi.
- Da gëtt et elo Eeërcrème mat Schnéi geschriwwen oder? An Eeërcrème ass Crème anglaise ne?
- Ah jo ech hu bëssen nogesicht anscheinend gëtt et en Ënnerscheed tëscht oeufs à la neige an île flotante gëtt am LB och den Ënnerscheed gemaach?--Soued031 (Diskussioun) 12:47, 9. Abr. 2012 (UTC)
- Bal dat selwecht fir verschidde Leit mä am LB gëtt jo net den Ënnerscheed gemaach gell?
[änneren] Moien
Obwuel ech net grad fir d'Abiergerung vu franséische Wierder sinn, kucken ech no op dat ganzt Sënn ergëtt. Am Ament gesäit et aus als kéint de gro ugepasst ginn. Natierlech wäert ech nach ëmmer "normaalt" Lëtzebuergesch am Wiktionnaire schreiwen maacht Iech keng Suergen. Ech hat wéinst deem ganze Bordell keng Loscht méi Lëtzebuergesch ze schreiwen, lo geet et mer awer besser... Mir mussen egal wéi déi 5000 Artikelen hikréien ;). --Soued031 (Diskussioun) 14:49, 18. Abr. 2012 (UTC)