Ënnerdaach

Vu Wiktionnaire

Lëtzebuergesch[änneren]

Substantiv m (keng Méizuel)

Aussprooch (IPA): [ənɐdˈaːχ]

Bedeitung:

  1. eng einfach Struktur mat engem Daach, fir Saachen drënner ze stellen
    • e baut en Ënnerdaach fir seng Méimaschinn
  2. am iwwerdroene Sënn eng Plaz fir ze schlofen, ze wunnen
    • d'Flüchtlinge kruten e gudden Ënnerdaach ugebueden

Etymologie:

zesummegesat aus ënner an Daach